Weltbiller: Antisemitismus – 
e Stéck Lëtzebuerg?

An de virtuelle Reseauen, mee och op der Strooss, gëtt een ewell nees mat antisemitesche Spréch konfrontéiert. Dëse Beitrag analyséiert d’Weltanschauung, déi sech dohanner verstoppt, a geet op déi historesch Entwécklung vum Antisemitismus “made in Luxembourg” an.

Theorien iwwert eng jiddesch Weltverschwörung kommen an antisemiteschen Äusserungen ëmmer nees op. Besonnesch bekannt goufen déi sougenannt „Protokolle der Weisen von Zion“, eng Fälschung vum Ufank vum 20. Joerhonnert, déi aus Russland koum. Si gouf an der ganzer Welt verbreet an zirkuléiert och haut nach. Hei eng amerikanesch Versioun vun 1934.
 (Quell: Wiki-Commons)

D’Attentater, déi mer an de leschte Joren iwwert d’Medie materlieft hunn, haten zum Deel och ganz geziilt jiddesch Institutiounen oder Geschäfter am Viséier, wéi de jiddesche Musée zu Bréissel oder de Supermarché Hyper Cacher zu Paräis. Si si vu Leit ausgaangen, där hir antisemitesch Gewaltaktioun sech aus enger radikal-islamescher Weltsiicht erginn huet. Et ass awer net sou, wéi wann antisemitescht Denken sech an Europa just an dëse Kreesser géif erëmfannen. An Däitschland gouf viru kuerzem e Reseau vun der sougenannter „Reichsbürgerbewegung“ opgedeckt, déi Uschléi souwuel op muslimesch wéi och op jiddesch Leit geplangt hat. Hei ass den Hannergrond e rietsradikalen.

Zu dësen zwee Beispiller kann ee soen, datt sech bei deene marginale Gruppéierungen eng ënner anerem antisemitesch motivéiert, physesch Gewaltbereetschaft manifestéiert huet, déi bis zum Äusserste gaangen ass. Mee et gëtt och an der Mëtt vun eisen opgekläerten europäesche Gesellschaften nach ëmmer, oder schonn erëm nees?, Antisemitismus, net a physescher, mee a verbaler Form. Hei zwee méi rezent Lëtzebuerger Beispiller.

Virun e puer Méint huet eng Fra op Facebook an engem Kommentar an der Kleeserchers-Affär geschriwwen: „Mir hunn eis Religioun, a gewësse Ministere si Judden oder Atheisten oder Famillen, déi Judde waren. Hunn näischt géint Judden. Firwat hunn si eppes géint ons?“ An d’Fra huet d’Fro gestallt, op et net „eis zwee héich Politiker“ wieren, déi de Kanner de Kleeschen an der Schoul wéilte verwieren.

Al Denkformen tauchen nees op

Zweet Beispill: Virun zwou Wochen hat Greenpeace eng Aktioun an der Stad zum Thema Ceta. Bei engem symbolesche Begriefnes vun der Demokratie goungen net nëmme sechs Persoune mat, déi de Sarg gedroen hunn, mee et wor nach eng weider Persoun präsent, e Mann, deen en Hutt mat zwou Trëtzen unhat, déi déi sougenannte „Pajess“ vun den orthodoxe Judde sollten duerstellen. Op d’Nofro vun engem Zeien hin, sot hien, hie wier e Rabbiner, de Frënd vum Rabbi Jacob. Hie géif dat internationaalt Kapital representéieren. Den Aenzeien huet doropshin Plainte contre X gemaach an och bei Greenpeace intervenéiert. Greenpeace selwer huet de Mann op dem Zeie seng Interventioun hi gedoen, vun der Manifestatioun ze verschwannen, an e Statement formuléiert, an deem d’Organisatioun sech vun deem Betreffende senger Aktioun distanzéiert huet.

Sinn dat Harmlosegkeeten? Ech mengen net. A béide Beispiller ginn net nëmme Leit vun enger bestëmmter Relioun verunglimpft, mee et ginn och déi Leit, déi der jiddescher Relioun oder Kultur ugehéieren, kollektiv a verierwbar Haltungen a Wiesenszich ënnerstallt, an d’Juddentum gëtt a Relatioun mat gesellschaftleche Fehlentwécklungen, oder dat, wat dofir gehale gëtt, gesat.

All dës Iddie sinn net nei. Et tauchen hei Denkformen erëm op, déi scho viru Joerzéngten zum Arsenal vum europäeschen Antisemitismus gehéiert hunn. Dat éischt Beispill vu Facebook erënnert a senger Argumentatioun staark un de chrëschtlechen Antisemitismus vu virun engem 
Joerhonnert. Zënter 1848, also deem Zäitpunkt wou d’Press offiziell net méi zenséiert gouf, a bis zum Zweete Weltkrich wore besonnesch a kathouleschen Zeitungen ëmmer nees Duerstellungen ze fannen, an deene vun enger jiddescher Weltverschwörung Riets goung. D’Gläichstellung vun de jiddesche mat deenen anere Bierger, déi duerch déi franséisch Revolutioun zu enger Tatsaach gi wor, konnt och no Joerzéngten a bestëmmte kathoulesche Milieuen net akzeptéiert ginn. Et hätt bedeit, datt aner Reliounen an och den Atheismus mat der kathoulescher Konfessioun gesellschaftlech gläichgestallt gi wieren, an domat der Kierch hire Monopol duerchbrach gi wier, och wat d’Interpretatioun vun der Welt ugeet.

Mee déi jiddesch Leit sinn doriwwer eraus och méi generell als Vecteure vun enger Modernitéit ugesi ginn, déi ofgeleent gouf: d’Verschwanne vu chrëschtlechen Traditiounen, awer och d’Ofschafung vum Zunftsystem duerch déi franséisch Revolutioun, déi d’Enn vun enger Verflechtung vu Wirtschaft a kathoulescher Kierch bedeit huet, gouf hinnen ugelaascht. Beléift woren dobäi wirtschaftlech Verschwörungstheorien. So housch et am „Luxemburger Wort” vum 6.11.1900, am Kontext vun der Dreyfus-Affär a Frankräich: „Ueberall wird die socialistische Bewegung von den Juden begünstigt und steht die socialistische Presse auf Seite der beschnittenen Millionenmauschler (….) Obwohl zerstreut in aller Herren Länder, streben doch die Juden der Erfüllung ihres Traumes von der Welt-Herrschaft zu.” [1]

Verschwörungstheorien

D’Facebook-Beispill verréit och d’Virstellung, jiddesch Leit wiere per se géint chrëschtlech Leit. Woubäi et niewelaanscht gesot och eng zweiwelhaft Pauschaliséierung ass ze behaapten, wéi et an där Ausso geschitt, „mir” – wien ëmmer dat soll sinn – 
hätten „eis Relioun”, sous-entendu déi, där de Kleeschen ugehéiert. An där Weltsiicht ass jiddesch sinn awer och en negatiivt Merkmal, wat een an der Famill huet a weidergëtt. Antisemitescht Denke schléisst un un d’Virstellung vu verierwbaren, kollektiven Eegeschafte vu Volléker an Natiounen, déi am 19. Joerhonnert besonnesch duerch de Sozialdarwinismus befeiert gouf. Dëst rassistescht 
Weltbild huet sech am Antisemitismus mat der Virstellung vun der Weltverschwörung verbonnen. 1932 gouf och am „Wort” vun de „Rassen-
eigenschaften des Juden” geschwat a gemengt: „Dem Judentum bangt um seine wirtschaftliche Hegemonie.” [2]

Ähnlech Iddie vu Wirtschaftsverschwörung a vu kollektiven a ver-
ierwbaren negative Charakteristike gouf et awer och, wann och manner heefeg, op fortschrëttlecher Säit. Am lénksliberalen „Tageblatt” gouf 1923 vun engem „jüdischen Menschen-
typus” geschriwwen, an dovun, datt „das Raffinement in Geldgeschäften zu einer erblichen Eigenschaft des Judentums wurde”. [3] A souguer an der kommunistescher Zeitung „Der Kampf” konnt een 1921 Begrëffer wéi „Geldjude” fannen. [4]

Dat zweet Beispill am Kontext vun der Greenpeace-Aktioun, an deem e Rabbiner, also de Representant vum reliéise Juddentum, als Symbol fir dat „internationaalt Kapital” steet, illustréi-
ert déi antisemitesch Virstellung vun enger jiddescher Verschwörung nach méi staark. Et ass bemierkenswäert, datt hei Bezuch op de Film „Rabbi Jacob” vun 1973 geholl gëtt. Et kann ee sécherlech iwwer eng Rei vu Klischeeën an deem Film diskutéieren, mee dee Film hat eng kloer opklärend Intentioun: Et goung grad drëm, déi gängeg chrëschtlech-westlech Stereotyppe par rapport zu Juddentum an Islam lächerlech ze maachen. De Schauspiller Louis de Funès, deen de Rabbi Jacob interpretéiert huet, huet herno an engem Interview gemengt: „Rabbi Jacob m’a soigné de mes idées antisémites,“.

Et bleift d’Fro, wéi et méiglech ass, datt haut antisemitesch Stereotyppen nees oder ëmmer nach an de Käpp vu verschiddene Leit geeschteren. Datt an dësen Zäiten esou Denkweisen nees offen zum Virschäi kommen, huet engersäits mat dem Phenomen vun de soziale Reseauen ze dinn, déi verschidde Leit als eng Zort Staminet gesinn: Do kënnen se Iwwerzeegunge lassginn, déi se eigentlech net kënne beleeën, a wou och alt mol verbal mat Béierglieser geworf gëtt. Dës zweiwelhaft Form vu Sträitkultur schéngt sech hirersäits vu Facebook och nees zréck op di klassesch Ëffentlechkeet z’iwwerdroen. Ideologië mat rassisteschem, nationalisteschem oder och antisemiteschem Gehalt, déi Tabu gi woren, ginn elo nees oppen ausgeschwat.

Wéineg Sensibilitéit

Datt et Leit gëtt, déi esou Iddien haut nees wëllen no bausse bréngen, weist awer och op eng inhaltlech Opfrëschung vun deenen alen Denkweisen hin. Den Antisemitismus ass net nëmmen e passionéiert Ofleene vu Leit, déi enger bestëmmter reliéi-
ser Minoritéit ugehéieren. En dréit 
a sech zugläich d’Virstellung vun enger reliéis, kulturell respektiv ethnesch homogener Gesellschaft. Dës Virstellung bedeit zugläich Ausgrenzung vun deenen, déi d’Kritären net erfëllen. Sech antisemitesch ze äusseren, heescht och, sech zu dëser Gesellschaft dozouzerechnen, déi duerch Bedrohung vu baussen a Gefor ass. An deem Sënn ass en och, wéi d’Historikerin Shulamit Volkov et formuléiert huet, e „kulturelle Code”, en Zeeche vun Zougehéieregkeet. [5]

Wat zu Lëtzebuerg opfält, ass awer och, datt et net vill Sensibilitéit par Rapport zu deem Sujet gëtt. Sou huet Greenpeace eréischt reagéiert, no-
deem Leit vu baussen d’Organisatioun op den antisemitesche Message vum betreffende Mann opmierksam gemaach huet. An hirem Statement huet si och just betount, si géif „derogatory or stereotypical mockery of any religious symbols” veruerteelen. D’Iddi, datt e Rabbiner, also e Representant vun der jiddescher Reliounsgemeinschaft, fir dat „internationaalt Kapital” géif stoen, geet awer iwwer eng ofschätzeg a stereotypiséiert Verspottung vu reliéise Symboler eraus, si dréckt d’Virstellung vun enger jiddescher Lobby aus, déi d’Fiedem vun der Weltwirtschaft géif zéien. Dorop geet Greenpeace net an.

Genee dëst Bild vun der Identi-
téit, oder wéinstens der Relatioun vu Juddentum an internationalem Kapital, geeschtert awer och an der fortschrëttlecher Zeen. An d’Duerstellung vum décke räiche Kapitalist mat der Zigar, deen d’Welt beherrscht, déi a ville Kapitalismus-kritesche Karikaturen optaucht, ass net ëmmer kloer ofzegrenze vun där vum décke Judd mat der krommer Nues, deen d’Welt beherrscht. Et feelt och an de fortschrëttlechen Organisatiounen, déi sech heefeg explizit fir Demokratie a géint Exklusioun ausdrécken, oft un engem kritesche Bléck op di eegen Denkweisen a Stereotypen.

Dëse Bäitrag gouf den Donneschdeg, 2. Februar an der Rubrik „D’Zäithistorikerin” vu „radio 100komma7” iwwerdroen.
Quellen:
[1] Der Socialismus – eine jüdische Bewegung, in: Luxemburger Wort, 6.11.1900, S. 2.
[2] Eine jüdische Internationale, in: Luxemburger Wort, 14.09.1932, S. 3.
[3] Die Judenhetze und ihre Ursachen, in: Tageblatt, 12.06.1923, S. 3.
[4] Junius: Es wäre so weit!, in: 
Der Kampf : Wochenschrift der Kommunisten Luxemburgs, 1, 
(17.02.1921) 14, Beilage, S. 4.
[5] Volkov, Shulamit: Antisemitismus als kultureller Code, in: Jüdisches Leben und Antisemitismus im 19. und 20. Jahrhundert. Zehn Essays, München 1990, S. 13–36.

Klarstellung: Im vorliegenden Artikel „Antisemitismus – e Stéck Lëtzebuerg?“ von Renée Wagener ging es auch um einen Vorfall bei der CETA-Aktion vom 16. Januar 2017, bei der sich ein „Volontär“ von Greenpeace als Rabbiner verkleidet hatte und auf Nachfrage erklärt hatte, er vertrete das internationale Kapital. Der Artikel bezog sich dabei auf ein Statement von Greenpeace, das auf Facebook erschienen war. Greenpeace hat uns unterrichtet, dass aber wenige Stunden später eine zweite Version dieses Statements erschien. Da diese nicht an der gleichen Stelle erschienen war, konnte die woxx nicht wissen, dass sich Greenpeace, obwohl der betreffende Freiwillige aus eigener Motivation und nicht im Namen von Greenpeace handelte und aufgrund seiner antisemitischen Äußerungen von allen Greenpeace-Listen ausgeschlossen worden ist, für das Verhalten dieses Ex-Freiwilligen entschuldigt hat.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.