Zäitgeschicht: Hierscht 1991 – 
en Non-Lieu de Mémoire

De 25jährege Jubiläum vum Zesummebroch vum sowjetesche System am Hierscht 1991 gëtt an Europa net gefeiert. Am Contraire, besonnesch an Osteuropa gëtt deen Zesummebroch am Réckbléck net als Befreiung, mee als Katastroph erliewt.

1392renee1

August 1991: De Boris Jelzin hëlleft de Putsch géint de Gorbatschev ofwieren. (Foto: Wikimedia / www.kremlin.ru)

Dëser Deeg hunn sech eis däitsch Nopere mat hirem „Tag der deutschen Einheit“ wéi all Joer un de Fall vun der Mauer tëscht BRD an DDR erënnert. De Mauerfall vum 9. November 1989 wor och scho Stoff fir eng Rei vu Filmer. Hien huet awer just den Ufank vun engem Prozess markéiert, deen sech duerch eng ganz Rei vun Evenementer ausgezeechent huet: den Zesummebroch vum Ostblock a vun der Unioun vun de Sowjetrepubliken. Een zentraalt Element ass dobäi d’Phase vum gescheiterte Putsch géint de Gorbatschov am August 1991 bis zur Opléisung vun der Sowjetunioun am Dezember. Dësen historesche Moment, deen elo genee 25 Joer zréck läit, gëtt awer an dëse Méint verhältnisméisseg wéineg commemoréiert. Sou wéi de Fall vun der Mauer sech als historeschen Evenement an d’kollektiv europäesch Memoire ageschriwwen huet, also, fir mam Historiker Pierre Nora senge Wierder ze schwätzen, zu engem „Lieu de mémoire“ ginn ass, sou ass den Zesummebroch vun der Sowjetunioun zu engem „Non-lieu de mémoire“ ginn.

Dat läit sécher zum Deel drun, datt et kee präzisen Abléck gouf, an deem sech déi Entwécklung sou kristalliséiert huet wéi beim Opléisungsprozess vun der DDR. Een zweete Grond ass, datt et keng sou einfach a poignant bildlech Referenzpunkte wéi beim Mauerfall gëtt. Den Augustputsch, dee vu Fonctionnaire vun der Kommunistescher Partei organiséiert gi wor, deenen dem Gorbatschev seng Reformpläng ze wäit gaange sinn, gouf zwar mat Hëllef vu groussen Demonstratioune gestoppt. Mee den Held vum Dag, de Boris Jelzin, gouf net zu enger Liichtgestalt vun der Reformbewegung. Hien, deen emol en engagéierte Reformer gewiescht wor a schonn 1990 aus der KP ausgetruede wor, huet nom gescheiterte Putsch de Gorbatschev kalgestallt, an hie wor den Architekt vun der offizieller Opléisung vun der Sowjetunioun den 8. Dezember a vun der Schafung vun der GUS, der „Gemeinschaft vun onofhängege Staaten“, déi haut kaum nach eng Roll spillt. De Jelzin sollt sech spéider als President net als groussen Demokrat erweisen, mee hien huet mat autoritäre Mëttele versicht, dat onofhängegt Russland aus enger déiwer Wirtschaftskris ze féieren. Den heitege President vun der Russescher Federatioun Wladimir Putin huet dem Jelzin net nëmmen ze verdanken, datt hien him de Wee zur Muecht fräigemaach huet, mee och, datt hien 1993 eng Konstitutioun duerchgeboxt huet, déi e präsidial gefouerte Staatssystem virgesäit, an deem d’Parlament nëmmen eng ënnergeuerdent Roll spillt.

Sënnkris an der Gauche

Den Haaptgrond awer, datt den Hierscht 1991 net zu engem staarken historesche Bezuchspunkt ginn ass, hänkt mat dëser komplizéierter Entwécklung zesummen: Si wor begleet vun ideologesche Spaltungs- an Opléisungsprozesser, déi iwwert Osteuropa eraus d’Gauche international an eng Sënnkris gefouert hunn. Och zu Lëtzebuerg huet sech d’kommunistesch Partei op dëde reale Sozialismus no sowjeteschem Modell bezunn. Hir Stäerkt an den Nokrichsjoerzéngte weist, datt och hei am Land nach laang un dee Modell gegleeft ginn ass. Mëttlerweil ass de kommunistesche Mouvement sichtlech geschwächt, mee hält awer un senger, anachronistesch formuléiert, Moskau-treier Linn fest. An och haut nach vertrëtt de KPL-Historiker Ali Ruckert, datt de Gorbatschov a seng „clique“ mat hire Reformbestriewunge Schold um Ënnergang vum sowjetesche Modell woren. An eisen Nopesch-
länner woren d’kommunistesch Parteien oft scho méi fréi kritesch géintiwwer der Sowjetunioun. Mee och fir si a fir déi net-kommunistesch Gauche an Europa gouf et ab 1991 e Problem. Well d’Existenz vum sowjetesche Modell huet dach och fir vill net-kommunistesch Lénker, zumindest bewisen, datt Alternativen zum kapitalistesche System méiglech wieren. An deem Sënn huet 1991 och der gesamter Gauche ze schafe gemaach. An et ass spriechend, datt déi net-kommunistesch Gauche ëmmer nees no neie lénke Modeller sicht.

Protest vun der Bevölkerung géint den August-Putsch vun 1991. (Foto: Wikimedia / Ivan Simochkin)

Protest vun der Bevölkerung géint den August-Putsch vun 1991. (Foto: Wikimedia / Ivan Simochkin)

Net fir näischt huet den Historiker Francis Fukuyama 1989 vum „Enn vun der Geschicht“ geschwat: Mat dëser radikaler Formel wollt hien ausdrécken, datt déi grondsätzlech ideologesch Widderspréch tëscht Kapitalismus a Sozialismus, déi bis dohinner geherrscht hunn, opgehuewe wieren, an datt de Modell vun enger demokratescher Maartwirtschaft sech duerchgesat hätt. Wann déi Thes schonn deemools staark kritiséiert gouf, sou huet d’Geschicht zënterhier gewisen, datt de Sozialismus zumindest als politesch Utopie weiderexistéiert, sief et a verschiddene lénke Parteien, sief et an neien antikapitalisteschen oder kapitalismuskritesche Mouvementer. Zugläich sinn donieft aner Ideologien, besonnesch reliéis an/oder nationalistesch orientéierter um Virmarsch, déi och net onbedéngt an dem Fukuyama seng Visioun passen.

„Patriotism of Despair“

An de Länner vun der fréierer Sowjetunioun kënnt et zou Entwécklungen, déi am Weste schwéier novoll-
zéibar sinn. A Russland verléiert zum Beispill déi kommunistesch Partei, dat weisen d’Resultater vun de Parlamentswahle vu virun e puer Wochen, weider un Terrain, während dem Putin seng konservativ an nationalistesch Partei „Eenegt Russland“ nees zougeluecht huet. Dat verhënnert awer net, datt de Putin sech op déi glorräich Zäite vun der Sowjetunioun bezitt oder de Stalin rehabilitéiere léisst. Fir de Putin, sou sot hie schonn 2005, wor den Zesummebroch vun der Sowjetunioun déi gréisst Katastroph vum 20. Joerhonnert. Op grouss Commemoratiouns-Feierlechkeete gouf dann och konsequenterweis verzicht, well den Hierscht 1991 gëtt just vun enger Minoritéit nach als positive Moment an der russescher Geschicht interpretéiert.

Net nëmmen a Russland, mee och an anere Länner vum fréieren Ostblock gesäit een, virum Hannergrond vu schwieregen ekonomesche Verhältnisser, dëse Versuch vun enger oft nationaler Reinterpretatioun vun der eegener Geschicht. Déi sozial Zieler vun de sozialistesche Revolutiounen, ekonomesch Ëmverdeelung a Chancëgerechtegkeet, geroden an den Hannergrond. Bei deem „Patriotism of Despair“, wéi de Sozialanthropolog Serguei Alex Oushakine et fir Russland formuléiert huet[1], schockéiert, wéi wéineg Kredit an Osteuropa déi wierklech Wäerter vum Sozialismus – Solidaritéit, Gerechtegkeet, Gläichheet vun alle Mënschen – schéngen ze hunn. Och d’Stäerkt vun Neonazi-Bewegungen am fréieren Ostblock werft dach Froen op doriwwer, wéi een Ierfdeel de „reale Sozialismus“ hannerlooss huet. D’Politik vun der nationaler Preferenz, méi nach, déi vum Clan, deen no bausse verteidegt gëtt, ass net nëmmen e réckschrëttleche Modell, et ass och en negative Modell, dee vun Ofwierhaltunge gepräägt ass – Friemenhaass, Rassis-
mus, Antisemitismus, gesellschaftlech Intoleranz.

Mee den Non-Lieu de Mémoire, deen den Hierscht 1991 duerstellt, seet och eppes aus iwwert de Verloscht vum Kredit, deen de westleche Modell vun der Demokratie an Osteuropa no 1991 hat. Jo, et huet een den Androck, datt déi Réckbesënnung op national Wäerter deelweis och eng Reaktioun vis-à-vis vun der Haltung vun der Europäescher Unioun wier, där hir als arrogant erliefte Politik soll ofgestroft ginn. Do ass sécher eppes drun. Wann een sech nëmmen un déi éischt Jore vun der EU-Osterweiderung erënnert, wou westlech Konzerner sech déi nei Marchéen an Osteuropa geséchert hunn, da kann een sech denken, datt de westeuropäeschen Discours vun der europäescher Konstruktioun schwéier ze vermëttelen ass. D’Ënnerstëtzung, fir déi enorm sozial Käschte vun der Erweiderung wéinstens ze reduzéieren, wor dogéint schwaach, an de Gruef tëscht dem Liewensstandard a West- an an Osteuropa bleift grouss.

D’EU: kee Modell vun Demokratie

D’Opléisung vun der Sowjetunioun gëtt duerch d’Ofmaachung vum 8. Dezember 1991 beschloss. (Foto: Wikimedia / RIA Novosti archive, image #848095 / U. Ivanov / CC-BY-SA 3.0)

D’Opléisung vun der Sowjetunioun gëtt duerch d’Ofmaachung vum 8. Dezember 1991 beschloss. (Foto: Wikimedia / RIA Novosti archive, image #848095 / U. Ivanov / CC-BY-SA 3.0)

Den europäeschen Demokratiemodell iwwerzeegt awer och nach aus engem anere Grond d’Leit an deene Länner net. Si, déi bis virun enger Zäit a méi rigiden an zentralistesche Systemer gelieft hunn, setzen anscheinend dee Modell mat Onsécherheet gläich, woubäi hinnen an de leschte Joren d’Onfäegkeet vun der EU, d’Finanzkris ze geréieren, d’Hängepartie mat Griicheland, de Brexit oder d’Oneenegkeet iwwert d’Flüchtlingspolitik gutt Argumenter geliwwert hunn. Och dës Onsécherheet diskreditéiert aus där Perspektiv an der kollektiver Memoire d’Reformbewegung vun 1991. Den Zäitzeie Serguei Bountman, deen an engem Artikel vun der Isabelle Mandraud an der Zeitung „Le Monde“ zu Wuert kënnt[2], geet a sengen Erënnerungen un 1991 nach e Schrëtt méi wäit: „Il y avait quelque chose de serein, d’optimiste dans cette résistance. Ni avant ni après nous n’avons connu cela. La Russie aujourd’hui ne veut pas être l’héritière de cette révolution, – car c’était bien un mouvement populaire, une libération – mais celle de saint Vladimir, des tsars, de l’URSS, de Brejnev! Elle ne veut pas être fille de la liberté. La liberté, c’est quelque chose de suspect.“

[1] Oushakine, Serguei Alex: The Patriotism of Despair. Nation, War, and Loss in Russia. Ithaca, 2009.
[2] Mandraud, Isabelle: Soviet supprimé, in: Le Monde, 10.9.2016, S. 3.
Umierkung: Dëse Bäitrag gouf de 6.10.2016 an der Rubrik „Zäithistorikerin“ op Radio 100komma7 virgedroen.

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.