Am Bistro mat der woxx #227 – Wat d’Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir d’Mënscherechter fir Lëtzebuerg bedeit

von | 17.02.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet Lëtzebuerg wéinst Verstouss géint Meenungsfräiheet vum Raphaël Halet verurteelt. Hien war ee vun deenen zwee Whistleblower vum sougenannte LuxLeaks-Steierskandal. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wat dat fir Lëtzebuerg an seng Finanzplaz bedeit. Ausserdeem steet d’Fro am Raum, ob Whistleblower hei am Land genuch geschützt sinn.

Link zum Artikel, iwwer dee mir schwätzen:
LuxLeaks : « C’est un pays qui a été mis en déroute »

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #384 – Klimagipfel zu Santa Marta

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Staate sinn enttäuscht dovunner, datt d‘Verhandlungen op den UN-Klimagipfelen esou lues viru kommen. Dowéinst hunn sech Enn Abrëll 57 Länner zu Santa Marta a Kolumbie getraff, fir iwwert den Austrëtt aus fossillen Energien ze schwätzen. Dobäi goung et net...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #383 – Wéi Russland vum Irankrich profitéiert

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d'Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #382 – Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d'Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat...