Carte Blanche op RTL: Eng Lanz fir Bouneweg

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwer Verkéiersberouegung um Beispill vum gréisste Quartier aus der Stad.

Bouneweg ass, wat d’Populatioun ubelaangt, bei wäitem dee gréisste Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Enn 2021 goufen do ronn 17.700 Awunnerinnen an Awunner gezielt.

Wär Bouneweg eng eege Stad, sou wär et mat Suessem ex aequo déi sechstgréisst Proporzgemeng am Land. Ee Schwéiergewiicht, kéint ee mengen, an deem och nach e puer Minister*innen, dorënner esouguer de Premier, wunnen.

Op der rezenter Reunioun, déi de Schäfferot vun der Haaptstad am Bouneweger Kulturzentrum ofgehalenen huet, goung et ganz ziviliséiert hier, an et huet och net u Luef gefeelt iwwert dat, wat d’Gemeng an hir Zerwisser, besonnesch wärend der Pandemie, geleescht hunn.

An dach: Sou richteg seriö geholl, fillen d’Bouneweger*inne sech net. Als Beispill kéint een do déi rezent agefouerte Verkéiersreegelung an der Trevirer-Strooss, mat Verlängerung no Süde bis un de Bord vun der Gemeng, nennen. Dësen Tronçon gouf als „rue cyclable“ deklaréiert an domadder automatesch d’erlaabte Vitess op 30 Kilometer erofgesat.

Dës Mesure gouf wärend der Versammlung nawell hefteg diskutéiert. Allerdéngs manner, well d’Leit géint 30-Kilometerregel wieren. Villméi gouf de Verdacht geäussert, datt d’Vëlosfuerer*innen als Versuchskanéngercher gebraucht géifen, fir Verkéiersberouegung am Quartier ze bedreiwen.

Nu wär et net fair, de Gemengeverantwortlechen esou eppes ze ënnerstellen an d’Kritik war och éischter rhetoresch. De gewollten Effekt ass och spierbar agetrueden: et fuere manner Autoen duerch déi genannte Stroossen.

Allerdéngs hunn déi, déi do mam Vëlo ënnerwee sinn, tatsächlech e mulmecht Gefill. Theoretesch dierfen d’Autoen an enger Rue cyclable net iwwerhuelen. Huet een awer esou ee SUV am Genéck, deen nach kuerz virdru mat 120 oder méi iwwert d’Autobunn gebriedert ass, da muss ee scho vill Glawen an d’Mënschheet hunn, fir onbekëmmert seng Stréck erof a besonnesch erop ze strampelen.

Eng generaliséiert 30-Kilometer-Zon fir de ganze Quartier mat infrastrukturelle Moossnamen, déi dann och derzou féieren, datt d’Vitess agehale gëtt, wär sécher déi besser Léisung.

Fir d’Vëloen, an déi déi zu Fouss ënnerwee sinn, läit de Problem souwisou enzwousch anescht: Ee groussen Deel vu Bouneweg ass duerch d’Rocade a seng Verlängerung vum Garer Quartier reegelrecht ofgetrennt. Statt e puer Meter Loftlinn muss den douce Verkéier honnerte Meteren Ëmwee, ënnerbrach vu Luuchten, déi gefillt ëmmer rout sinn, iwwerwannen.

Ënnert dem eemolege Buergermeeschter Paul Helminger gouf e Plang ausgeschafft d’Zuch-Gare ganz ze iwwerdecken – bis an de Bouneweger Quartier eran – mat Autoen déi dann ënnerierdesch vum Rescht vum Verkéier ofgetrennt sollte ginn.

Och vun engem direkten Zougang fir Bouneweg an de Souterrain vun der Gare, an domadder mattendran an de Garer Quartier, gouf geschwat.

Gedanken, déi engem erëmkommen, wann een op der Trevirer-Strooss ënnerwee ass … awer beim Vëlofuere soll ee jo net dreemen, och net an enger Rue cyclable.

 


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.