Mäi léiwen Dan … elo sinn ech schonn um drëtte Kapitel vun dëser Serie, an ech muss feststellen, d’Leit (oder hier Clickzuelen zumindest) wëllen de Rescht och wëssen. Gutt, en marche comme dirait l’autre.

Eng Foto vu Sprëtzen, déi den Dan der woxx zur Verfügung gestallt hat, fir een Artikel z’illustréieren.
Kapitel 3: Setting Sun
Mäi léiwen Dan… wéi mer bis op der Uni oder besser den Unie waren, huet sech munches geännert. Fir eis, Groussstadkolleren, eidel Konten, nei Welten a Studenteliewen. Fir dech, wuel deng éischt Zäit mat enger voller Tâche als Junkie. Et muss ëm deen Dréi gewiescht sinn, wéi s du an d’M. mehr lesen / lire plus