E Sonndeg, 22. September: Presseclub mat der woxx

Et huet net un Drama gefeelt déi lescht zwee Méint. Lokal hate mer een Tornado an dës Woch eng Manif géint de Klimawandel. De Justizminister Felix Braz hat een uergen Häerzinfarkt a kann seng Funktioune bis op Weideres net exerzéieren. International huet de Brexit-Drama nei Ausmoosse geholl an ass mam Boris Johnson dës Woch definitiv zu Lëtzebuerg ukomm an dann hu mer nach d’Affär Gaardenhaische wéinst där elo de grénge Buergermeeschter Roberto Traversini d’Handtuch geheit huet. Et gëtt also genuch ze diskutéieren dëse Sonndeg am Presse-Club.

Invitéiert sinn: Josée Hansen vum Land, Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt, Marc Schlammes vum Wort a Richard Graf vun der woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged , , . Bookmark the permalink.

Comments are closed.