Podcast: Am Bistro mat der woxx #095 – Ausbeutung an der Réserve sanitaire
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Fir wärend der Covid-19-Kris ze hëllefen, goufe Schüler*inne vum LTPS an d‘Réserve sanitaire agezunn. Dofir kruten si en CDD. Elo soll deen awer éischter ophalen, wéi dat ugangs versprach gi war. Dat ass am Fong rechtlech net méiglech a muss am commun accord passéieren. D‘Isabel Spigarelli schwätzt dës Woch mam Joël Adami iwwert dëse Fall an aner Problemer, déi d‘Schüler*inne mat der aktueller Situatioun hunn. Si berichten och vun aneren Ongereimtheete mat hire Kontrakter, vu schlechter Stëmmung, schlechtem Material a mentaler Belaaschtung. mehr lesen / lire plus