Podcast: am Bistro mat der woxx #003
All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn de Luc Caregari an de Joël Adami een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert online-Artikelen zum Energie-Trilog vun EU, iwwert den Enn vum Luxleaks-Prozess an den ëmstriddene „Ekotourismus“-Projet zu Wäisswampech.
Aus der aktueller print-woxx gëtt den Edito zur Medienvielfalt an d’News zum Start vun der Wahlcampagne vun Déi Gréng kuerz virgestallt. D‘Thema vun der Woch sinn déi néi Panama-Papers. Déi éischte Kéier ass och eng lëtzebuergesch Zeitung am Rechercheverbond vun dem ICIJ, dem International Consortium of Investigative Journalists, mat dobäi – d‘woxx. mehr lesen / lire plus