All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Fir wärend der Covid-19-Kris ze hëllefen, goufe Schüler*inne vum LTPS an d‘Réserve sanitaire agezunn. Dofir kruten si en CDD. Elo soll deen awer éischter ophalen, wéi dat ugangs versprach gi war. Dat ass am Fong rechtlech net méiglech a muss am commun accord passéieren. D‘Isabel Spigarelli schwätzt dës Woch mam Joël Adami iwwert dëse Fall an aner Problemer, déi d‘Schüler*inne mat der aktueller Situatioun hunn. Si berichten och vun aneren Ongereimtheete mat hire Kontrakter, vu schlechter Stëmmung, schlechtem Material a mentaler Belaaschtung.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #108 – Corona-Chaos an queer Geschicht
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #135 – Bioethesch Froen zu Lëtzebuerg
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #116 – Wie hängen Lebensmittelproduktion und Pandemien zusammen?
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #100 – D’woxx vun der Zukunft
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #099 – Zeréck an de Büro, zeréck bei d’Problemer vun der Aarbechtswelt