D’woxx ënnerstëtzen
Eisen ekologeschen, feministeschen a lénke Bléck mécht d’woxx zu enger Ausnam an der lëtzebuergescher Presselandschaft. Mir géife gär méi wäit goen, u gudden Iddie feelt et eis net – mä et feelt eis u Moyenen, fir se ëmzesetzen. Als selbstännege Projet ouni privat Investisseuren, si mir vun der Solidaritéit vun eise Lieser*innen ofhängeg. D’Pressehëllef vum Staat deckt zwar eis lafend Käschten, mä Investissementer oder Innovatiounen si mat dëse Mëttelen net méiglech. Trotzdeem sinn all eis Artikele gratis online ze liesen. Wann Dir eis Aarbecht schätzt, ënnerstëtzt eis!
1 | Maacht en Don
Äre Support ass entscheedend, dass d’woxx weiderhin onofhängegen an engagéierte Journalismus ubidde kann. All Don – och e klengen – hëlleft eis dobäi.
Mir freeën eis iwwer en Ordre permanent:
- per Iwwerweisung op de Konto IBAN LU69 1111 0244 9551 0000 (CCPLLULL) vun der „Solidaritéit mam GréngeSpoun asbl“
- oder via paypal
2 | Huelt iech een Ënnerstëtzungsabo
Abonnéiert Iech fir 200 € am Joer an ënnerstëtzt d’woxx mat enger stabiler Finanzéierungsquell. Dir kënnt en Abonnement och verschenken! Sécherlech kennt Dir an Ärem Bekanntekrees eng Persoun, déi sech iwwer e woxx-Abo freeë géif.
All Informatiounen zu eisen Abonnementer
3 | Gitt Member vun eiser Kooperativ
Investéiert an eis onofhängeg an engagéiert Zeitung, andeems Dir een Undeel (125 Euro) un der woxx-Kooperativ kaaft. Dëst erméiglecht eis, eis Infrastrukturen ze verbesseren. Dir kënnt och méi, wéi just ee kafen: Grousskapitalist*inne hu bei eis awer och just eng Stëmm am Plenum . Iwwerweist de Betrag op de Konto IBAN LU18 1111 1026 5428 0000 (CCPLLULL) vun der „Woxx société coopérative“ mat dëser Noricht: „Anteilscheine Kooperative“. Vergiesst wannechgelift net, Är Adress unzeginn.
Fir méi Informatiounen, kontaktéiert eis Sekretariat:
(00) 352 29 79 99 | admin@woxx.lu
4 | Recommandéiert d’woxx weider!
Schwätzt mat Kolleeg*innen a Famill iwwer eis Wochenzeitung an deelt eis Artikelen op Social Media. Mir hu kee Budget fir grouss Werbecampagnen, dofir hëlleft all Mondpropaganda!

