Iwwert d’woxx

D’woxx gouf 1988 ënnert dem Numm „GréngeSpoun: Wochenzeitung fir eng ökologesch a sozial Alternativ” gegrënnt.

Vun Ufank u wollt de GréngeSpoun eng aner Stëmm an der lëtzebuergescher Presselandschaft sinn – a genee dat bleift d’woxx och haut nach. Als onofhängegt Presseorgan – net un eng Partei oder wirtschaftlech Interesse gebonnen – huet d’woxx hiren aussergewéinleche Statut bis haut erhale kënnen.

Wéi déi aner Zeitungen, profitéiert d’woxx vun der Pressehëllef vum Staat. De Kampf fir iwwerhaapt e Recht op dës vital finanziell Ënnerstëtzung ze kréien, war laang an ustrengend. Nëmmen duerch d’Solidaritéit vu ville Lieserinnen a Lieser konnt de Projet déi Joren iwwerstoen, wou hir keng Pressehëllef zougestane gouf.

Eng kritesch an engagéiert Stëmm

D’Moyene vun der woxx si weiderhi bescheiden. Trotzdeem ass et der Zeitung gelongen, sech am Laf vun der Zäit ze professionaliséieren. Fir d’woxx sinn eng grëndlech journalistesch Aarbecht an en „anere Bléck“ op d’Aktualitéit zu Lëtzebuerg genee sou wichteg wéi de Wëllen, Themen op eng kreativ an originell Aart a Weis unzegoen.

Mir bleiwe fest dovun iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg nach ëmmer eng medial Alternativ brauch. Hautdesdaags ignoréiere vill Medie weder déi alternativ Szen nach déi Themen, déi fréier typesch fir d’woxx waren. Mee déi Grënn, déi eis dozou bruecht hunn, eng kritesch, lénk Wochenzeitung ze gestalten, gëllen – genee esou wéi zur Zäit vum GréngeSpoun – hautdesdaags ëmmer nach.

En alternative Bléck op d’Gesellschaft an op d’Welt

De kritesche Bléck op d’Parteien an d’Regierung gehéiert genee sou dozou wéi eng gesond Skepsis vis-à-vis vum rezenten Ökoboom. Sou huet d’woxx net eréischt am 21. Joerhonnert de Klimaschutz entdeckt: Säit der Grënnung bericht si reegelméisseg iwwer dëst Thema – dat mécht eis Zeitung hautdesdaags ëmmer  méi glafwierdeg. D’woxx huet nämlech net op den Al Gore gewaart, fir iwwert déi „onbequeem Wourecht“ ze berichten. Mir lafen net all neiem Trend no. Mat enger kritescher Distanz an enger zolitter Basis behandelt d‘woxx ekologesch Themen op eng fundéiert Manéier.

Dat selwecht gëllt fir vill aner Beräicher, wéi zum Beispill d’Gläichstellung, déi hautdesdaags ënnert dem Schlagwuert „Gender-Mainstreaming“ ëmmer méi Uklang fënnt. Fir eis ass de Feminismus awer kee Kampf vun der Vergaangenheet. Ëmmer nach gi Fraen diskriminéiert, Meedercher hunn net déi selwecht Chancen ewéi Jongen, an d’Gewalt géint Fraen a queer Persoune léisst net no. Dofir verfollegt d’woxx bewosst eng feministesch Linn, an ass domadder eng Ausnam an der Lëtzebuerger Presselandschaft.

E kritesche Bléck op d’Gesellschaft bleift ee roude Fuedem an der Wiel vun eise Sujeten. Well domadder, wéi d’Welt organiséiert ass, si mir weiderhin net averstanen. Och wann d’Meenungen an eiser Redaktioun deelweis staark auserneeginn, siche mir weiderhin d’Gespréich. D’Debatt iwwer d’Diskriminatioun vun LGBTIQ+-Mënschen, zum Beispill, ass net mam Recht op Bestietnes oder Adoptioun fäerdeg– och d’Fro no der Roll vum Bestietnes als Institutioun an e queere Bléck op aner Forme vu Liewensgestaltung gehéieren dozou.

Eis ass et deemno wichteg, en „anere Bléck“ op d’Liewensrealitéite vu Mënschen ze geheien, déi ënner schwéiere Bedingunge liewe mussen – och am räiche Lëtzebuerg. Mir ginn eis net mat enger Berichterstattung iwwer de Status quo zefridden. Wat d’Asylpolitik ugeet, fanne mir, datt et net duergeet, de Bau vun engem Retentiounszenter kritesch ze begleeden – mir stellen esou Institutiounen och grondsätzlech a Fro.

Och eis international Säiten hunn den Asproch, aner Standarden ze setzen: Amplaz op klassesch Agencëmeldungen zeréckzegräifen, setze mir de Fokus op déi kritesch Aarbecht vu Journalist*innen, déi selwer op der Plaz sinn.

Eng alternativ Struktur op allen Niveauen

Gläichzäiteg vergiesse mir net, d’Liewen an all senge Facetten ze genéissen: sief et bei engem gudden Iessen, bei Musek oder Literatur –Liewensfreed a Kultur an all hire Facettë ginn an der woxx groussgeschriwwen. De komplette Kulturagenda fir d’Groussregioun beweist dat all Woch  ëm en Neits.
D’woxx ass awer net nëmmen inhaltlech eng „aner“ Zeitung, mee och wat hir Strukturen ugeet: Mir fonctionéieren als selwerverwalte Betrib: Déi selwecht Pai fir eis all, e Rotatiounsprinzip fir d’Koordinatioun vun der Zeitung an eng Kooperativ, déi  Erausgeberin ass. De Fait, datt et weder Cheffin nach Chef gëtt, mécht d’Saach net onbedéngt méi einfach. Esou eng Form vun Organisatioun verlaangt vill Verantwortung an Engagement vun alle Membere vun der Ekipp. Mee dës „aner“ Aart a Weis ze schaffe bitt am Géigenzuch och méi Méiglechkeeten, sech individuell am Projet ze entfalen. Dowéinst hale mir un dësem ongewéinleche Modell bis haut fest.