Amplaz Verbueter: Handye ran an d’Schoulen
Sollen Handyen a Schoule verbuede ginn? Ganz am Géigendeel, fënnt een Enseignant an dëser fräier Tribün.
D’Diskussioun iwwert d’Stellung vum Handy an der Schoul ass keng nei. Nei entflaamt gouf se a Lëtzebuerg awer spéitstens mam Lieserbréif vum Georges Urwald, Museksprofesser, am Luxemburger Wort, de 17. Dezember d’lescht Joer. A sengem Bréif erkläert hien, deen en Aarbechtskolleeg vu mir ass an deen ech als nodenklechen an engagéierten Enseignant schätzen, dass hie sech eng politesch Decisioun wënscht, déi d’Handye vum Terrain vun de Schoule verschwanne léisst. mehr lesen / lire plus