Superjhemp: E Spijhel fir Luxusbuerg

Nodeems eng Pressekampagne Land a Leit während Méint op d’Folter gespaant huet, ass et lo souwäit: Mat „De Superjhemp retörns“ kënnt deen éischten Äktschn-Film aus Lëtzebuerg an de Kino.

E bëssen huet et een*t dann dach u fréier Zäiten erënnert, leschte Freideg am Kinépolis bei der Avant-Première vum Superjhemp-Film. Genee sou wéi bei fréieren Andy-Bausch-Filmer war en Deel vum Filmpleséier, deen, d’Leit déi ee kennt erëmzeerkennen – e speziellt Gefill, wat et sou wahrscheinlech och just nëmmen zu Lëtzebuerg gëtt.

Iwwerhaapt ass dee ganzen „De Superjhemp retörns“ eng honnertprozenteg Lëtzebuerger-Saach, déi een och nëmme verstoe kann, wann ee wéinstens déi lescht 35 Joer an dësem Land verbruecht huet. mehr lesen / lire plus