Nodeems eng Pressekampagne Land a Leit während Méint op d’Folter gespaant huet, ass et lo souwäit: Mat „De Superjhemp retörns“ kënnt deen éischten Äktschn-Film aus Lëtzebuerg an de Kino.
E bëssen huet et een*t dann dach u fréier Zäiten erënnert, leschte Freideg am Kinépolis bei der Avant-Première vum Superjhemp-Film. Genee sou wéi bei fréieren Andy-Bausch-Filmer war en Deel vum Filmpleséier, deen, d’Leit déi ee kennt erëmzeerkennen – e speziellt Gefill, wat et sou wahrscheinlech och just nëmmen zu Lëtzebuerg gëtt.
Iwwerhaapt ass dee ganzen „De Superjhemp retörns“ eng honnertprozenteg Lëtzebuerger-Saach, déi een och nëmme verstoe kann, wann ee wéinstens déi lescht 35 Joer an dësem Land verbruecht huet. Lëtzebuerg feiert sech sëlwer a beweist, datt et och fäheg ass, de Spunnes mat sech ze maachen – soulaang d’Kritik sech a Moossen hält, natierlech. E bësse mat de Staatsbeamte de Geck gemaach, kuerz un de Bommeleeër erënnert oder den Uz mam aktuelle Premier gedriwwen, dat geet ëmmer. Mä ausser enger bemierkenswäerter Pique géint RThell – et geet ëm de Mudam-Direkter – ass net vill Aktuelles dran ze fannen. Keng Wuesstemsdebatt, keen eenzege kilometerlaange Stau, keng Veraarschung vun der Finanzplaz oder eng Uspillung op den demokrateschen Defizit. Dobäi kennt och nach, datt de ganze Film och e Marketing-Gag ass – well all déi Marquen, déi no beschter Leiner-Czuga-Manéier veräppelt ginn, jo dofir och bezuelt hunn.
Zum Film selwer ass am Fong net vill ze soen. E geet erwaardungsgeméiss gutt aus, de Superjhemp kennt nees a Form a rett och dës Kéier d’Kroun a seng Hochzäit direkt mat. D’Aarbecht vum Felix Koch as héichprofessionell, d’Story fléissend an ouni Längten, an och d’Effekter kënne sech weise loossen. Just d’Musek ass vläicht eng Grëtz ze onironesch fir e Film, dee sech op de Fändel geschriwwen hat, sech selwer net all ze Eescht ze huelen.
Mä de ganze satiresche Volet, deen een aus den ale Superjhemp-Comics nach kennt, geet hei total ënner. Sécher gi Politiker op d’Schëpp geholl, mä ëmmer am Kader vum Erträglechen. Et huet een d’Impressioun, hei géife sech e Land an eng gewëssen Elite selwer feiere wëllen, an dobäi nach nostalgesch an eng Vergaangenheet kucken, déi et sou net méi gëtt – an déi et och vläicht sou ni ginn ass. Jee, ween zwou Stonne wëll an sou Erënnerunge schwelgen, ka sech de Film roueg ukucken – ween dorobber keng Loscht huet, verpasst awer och bal näischt.