Am Bistro mat der woxx #323 – Méi a méi séier bauen: Op Käschte vun der Natur?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod schwätzt de Joël Adami mat der Melanie Czarnik iwwer d’Reform vum Naturschutzgesetz an d’Kritik, déi dës mat sech bréngt. Wéi kann d’Regierung d’Natur schützen a gläichzäiteg méi Wunnraum schafen? A...


