All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. De Luc Caregari an de Joël Adami schwätzen iwwer den Edito zu Diskussiounveranstaltunge vum Zentrum fir politesch Bildung, iwwer d’Neieentdeckung vun der Kulturpolitik vun Déi Gréng an iwwer de Last Summer Dance.
D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d’Ofstëmmungsverhalen an der Chamber. Mir hunn alleguerten d’Bulletins de Vote ugekuckt an ausgerechent, wéi déi verschidde Parteien an der Chamber ofgestëmmt hunn. Dobäi hu mir erausfonnt, datt et e grousse Konsens tëscht deene véier grousse Parteie gëtt. mehr lesen / lire plus