All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Wëll Planzen si wichteg fir d’Biodiversitéit, well si bidden Insekten a Vigel Narung a Liewensraum. Mä duerch verschidde Facteuren ginn et der ëmmer manner, vill Biotope verschwannen. D’woxx war sech dës Woch ee Projet ukucken, mat dem aktiv dogéint gekämpft gëtt. Dëse Projet, bei dem wëll Planzen ugebaut an da Geseems fir Wiseblummen fir landwirtschaftlech a privat Notzer*innen verkaaft gëtt, gouf zesumme vum Naturmusée an dem Gemengesyndikat Sicona op d’Bee gestallt. Am Podcast verréit d’María Elorza Saralegui, wat si bei hirem Besuch um Feld geléiert huet, wéi de Projet genee funktionéiert a wéi den Afloss vun der EU-Agrarpolitik dorobber ass.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Biodiversität: Wer Samen sät …
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #196 – Besser Landwirtschafte mat open source Geseems?
- Am Bistro mat der woxx #300 – Liberty Steel a finanzieller Kris
- Am Bistro mat der woxx #299 – Wat maache géint haislech Gewalt?
- Am Bistro mat der woxx #298 – Déi sënnlos Diskussiounen no dem Attentat vu Solingen
- Am Bistro mat der woxx #297 – Endometrios: Wisou gëtt dës Krankheet net unerkannt?