Ganz geheim, semi-secret oder oppen – egal, wéi d’Fichieren vu Parquet a Police sinn – et muss a Saachen Dateschutz nogebessert ginn.
Wéi ass den Emgang vu Majoritéit an Oppositioun mat där ganzer Affaire ze bewaerten – offensiv oder arrogant?
Doriwwer – an och iwwert en Tëschebilan vun deem wat d’Dräierkoalitioun bis lo no de Wahlen am Oktober ëmgesat huet – schwätzen am Presseclub dëse Sonndeg d’Dani Schumacher aus dem Wort, de Claude Karger vum Journal, de Christoph Bump vum digitalen News-Magasin Reporter, de Richard Graf vun der Woxx an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt.
RDV fir de Presseclub um Sonndeg – deem läschten virun der Summervakanz – wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus