Carte Blanche op RTL: Di Jonk suerge fir Klimagerechtegkeet

An den nächsten Deeg wäert di méi jonk Generatioun och hei zu Lëtzebuerg nees ë bësschen méi op sech opmierksam maachen. Ët geet ëm de Klimawandel a Klimagerechtegkeet – tëschent de Generatiounen, awer och tëschent deenen, déi vill zum CO2-Ausstouss bäigedroen hunn, an deenen déi dorënner am meeschten ze leiden hunn.

Et kéint e bal soen: dat neit Schouljoer fänkt esou un, wéi dat aalt opgehalen huet. Haut um Freideg wëllen d’Schülerinnen a Schüler hei zu Lëtzebuerg, an uechter d’Welt, géint Näischtmaachen a Saachen Klimawandel op d’Strooss goen. Zu Lëtzebuerg treffen si sech haut um 10 Auer bei der Stater Gare, an ginn dann erop op Kinnekswiss, wou Rieden, Musek an e sëllechen aner Aktivitéiten um Programm stinn. mehr lesen / lire plus