An den nächsten Deeg wäert di méi jonk Generatioun och hei zu Lëtzebuerg nees ë bësschen méi op sech opmierksam maachen. Ët geet ëm de Klimawandel a Klimagerechtegkeet – tëschent de Generatiounen, awer och tëschent deenen, déi vill zum CO2-Ausstouss bäigedroen hunn, an deenen déi dorënner am meeschten ze leiden hunn.
Et kéint e bal soen: dat neit Schouljoer fänkt esou un, wéi dat aalt opgehalen huet. Haut um Freideg wëllen d’Schülerinnen a Schüler hei zu Lëtzebuerg, an uechter d’Welt, géint Näischtmaachen a Saachen Klimawandel op d’Strooss goen. Zu Lëtzebuerg treffen si sech haut um 10 Auer bei der Stater Gare, an ginn dann erop op Kinnekswiss, wou Rieden, Musek an e sëllechen aner Aktivitéiten um Programm stinn.
Anescht wéi nach virun e puer Méint, ass de sougenannte Klimastreik vun haut allerdéngs eréischt den Optakt vun eng ganzer Woch mat Aktiounen. Och am klengen Grand-Duché sollen d’Leit op d’Fuerderungen vun de jonken an och heiansdo manner jonken Klimaaktivistinnen an -aktivisten opmierksam gemaach ginn.
Den Ulass fir déi Aktiounswoch ass deen vum UN-Generolsekretär Antonio Gutteres ausgeruffene UNO-Klmaaktiounsgipfel, den dëse Weekend zu New York stattfënnt. Deen internationale Rendez-vous soll derzou bäidroen d’Ëmsetzung vum Paräisser Klimaofkommes vun 2015 ze acceleréieren.
Ee besonneschen Moment ass dobäi deene Jonken reservéiert. Et dierft jo mëttlerweil kéngem entgaange sinn, datt och d’Initiatorin vun de Freides-Klimastreiker, Greta Thunberg, sech ewell eng Zäitchen zu New York ophält, an eng vun Haaptriednerinnen wäert sinn.
Di ganz Woch iwwer wäerten vill Aktiounen, ugemellter an net ugemellter, derzou bäidroen, datt d’ëffentlech Meenung matkritt, datt dat eng ganz besonnesch Woch soll sinn.
Wat opfält: Et sinn net nëmmen déi Jonk, déi den diversen Aktiounen opruffen. Iwwer de Summer ass et nämlech gelongen eng breet Koalitioun, iwwer di bekannten Organisatiounen vun der Zivilgesellschaft eraus, och mat de grousse Gewerkschaften ze schafen.
D’Militanz an d’Konsequenz, mat där hei probéiert gëtt op den Handlungsbedarf hinzeweisen, erënnert dach staark un d’Anti-Atom- oder och d’Friddensbeweegung aus den 1980er-Joeren. D’Aart a Weis wéi schnell an onkomplizéiert déi Jonk esou eppes op d’Been bruecht hunn, weist drop hin, datt hei dach eppes Neies, eppes méi Grousses am Entstoen ass. Fir des nei Beweegung besteet och d’Chance aus de Feeler vu fréieren Mouvementer ze léieren.
D’politesch Recuperatioun ass jo schonns déck am Gaangen, wann een verschidde Politiker kuckt, déi nach virun net al ze laanger Zäit, d’Klimafro als irrelevant betruecht hunn. An och Dämoniséierung oder d’Versich, dës Beweegung lächerlech ze maachen, hunn och net op sech waarde gelooss.
Am wichtegsten ass awer den Zesummenhalt vun ganz ënnerschiddlechen Usäz bäizebehalen. Och wann dat heiansdo net ouni Bauchwéi méiglech ass, well deenen engen oder deenen aneren hier Fuerderungen ze radikal oder net radikal genuch sinn.
Et gëtt awer e gemeinsame Nenner, deen ee muss an de Virdergrond stellen. Di schlëmmste Waff vun den Detrakteuren vun der Klimabeweegung ass nämlech déi vun der Spaltung, déi um Ënn alleguer méi schwaach mécht.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Carte Blanche op RTL: Een Dag fir déi, déi d’Mënscherechter verteidegen
- Carte Blanche op RTL: Den Demokratie-Index fält lues awer sécher
- Carte Blanche op RTL: Wunnen zu Lëtzebuerg
- Carte Blanche op RTL: Corona-Kris am globale Süden – net um falschen Ënn spueren
- Carte Blanche op RTL: Och de Pressepluralismus leit ënnert dem Covid-19