2020+1 = 100,7

E Samschde kuckt, pardon, lauschtert den ëffentlech-rechtleche Radio an d’anert Joer, mat engem Gaascht aus der woxx-Redaktioun.

Wat erwaart eis 2021? De Radio 100,7 riicht de Bléck no vir an huet sech mam Raymond Klein (woxx) a Christoph Bumb (Reporter.lu) ënnerhalen, moderéiert vum Pia Oppel. Wéi et weidergeet mat der Covid-19-Epidemie a wat dat fir d’Politik bedeit, war en Thema.

Méi allgemeng stellt sech d’Fro, wat 2021 misst geschéien, a wat d’Méiglechkeete vun dëser Regierung sinn. Dobäi geet et ënner anerem em d’Steierpolitik, de Klimawandel an d’Fro vun der Gerechtegkeet. Di zwee Journaliste schwätzen och driwwer, viru wéi eng Erausfuerderungen d’Epidemie d’Medie gestallt huet. mehr lesen / lire plus