Am Bistro mat der woxx #218 – Lëtzebuerg klëmmt aus dem ECT eraus – an elo?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den Energiecharta-Traité ass zanter Jore vill kritiséiert ginn. No e puer aneren europäesche Länner huet Lëtzebuerg dann elo och beschloss, aus dem Traité auszetrieden. Am Podcast schwätzt de Fabien Grasser mam Joël Adami doriwwer, wisou dat grad elo geschitt ass a wisou Lëtzebuerg versicht huet, den Traité ze reforméieren. Eng Fro, déi d’woxx och beschäftegt ass déi, ob den Austrëtt vu villen EU-Länner aus dem Energiecharta-Traité dann elo d’Spillreegele vun der Globaliséierung mat hire Schiedsgerichter, déi oft en Faveur vun den Investisseuren decidéieren, ännert. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #137 – Den Energiecharta-Vertrag an d’Problemer vun de Schiidsgeriichter

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch kuckt d’woxx méi genee op den Energiecharta-Vertrag, dee schonn zanter längerem an der Kritik steet. Dëst virun allem wéinst deene private Schiidsgeriichter, déi verschidde Länner zu Strofe vu Milliärdenbeträg verdonnert hunn. De Luc Caregari an de Joël Adami erklären, wisou dat engersäits een demokratesche Problem an anerersäits awer och eng Gefor fir de Klimaschutz ass. Ausserdeem diskutéieren si iwwert Roll vu Lëtzebuerg an dem méiglechen Austrëtt aus dem Vertrag.

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus