Jean Schoos: Operatioun Meedag

De véierte Fall vum Kapitän Fischbach féiert hien direkt an d’Entwécklungsgeschicht vun de spéidere Bommeleeër – eng Nebuléis aus korrupte SREL-Agenten, deier Immobiliëprojeten an den net sou proppere Saachen déi op der Stater Gare passéieren.

(©Binsfeld)

Fir de Fischbach fänkt dës Episode nawell ustrengend un: Den éischte Mee sollen Terroristen aus Däitschland op der Gewerkschaftsdemonstratioun op der Escher Brillplaz zouschloen, a kuerz virdru kënnt et nach zu enger bluddeger Geiselnam am Bettenger Klouschter. Hien muss also improviséieren, fir dat alles ze meeschteren, an d’Hëllef vum Armand Reisen, engem SREL-Agent deem hien net traut, unhuelen. Dat ass effektiv e saueren Apel, mä et gëtt nach méi komplizéiert – déi zwee Fäll sinn nämlech op eng onheemlech Manéier matenee verbonnen. mehr lesen / lire plus

Jean Schoos : Déidlech Ofgrënn

A sengem drëtte Roman iwwer den elo neierdéngs Kapitän Fischbach geet de Jean Schoos der däischterer Geschicht vun de Lëtzebuerger am Reserve-Polizeibataillon 101 op de Grond.

Wéi all gudde Krimi fänkt och dëse mat enger Läich un. De Chef vun der Brigade vu Rued-Sir gëtt mat enger Kugel am Kapp fonnt. Alles deit op se Selbstmuerd hin, mä et ginn Zweiwelen: War net eng aner Hand am Spill? A firwat huet sech säi Kolleg a fréieren Krichskomerod grad deen Dag zu Dout gesoff?

An „Déidlech Ofgrënn“ geet et nees ëm d’Krichsgeneratioun, déi mat hirer Vergaangenheet ze kämpfen huet, ëm eng staatlech Autoritéit, déi alles dru setzt fir datt d’Saache schéin ënner dem Teppech bleiwen, an ëm antikommunistesch Ënnergrondorganisatiounen, déi sech mat méi oder manner louche Militärvertrieder verbridderen. mehr lesen / lire plus