Jean Schoos : Déidlech Ofgrënn

von | 28.09.2018

A sengem drëtte Roman iwwer den elo neierdéngs Kapitän Fischbach geet de Jean Schoos der däischterer Geschicht vun de Lëtzebuerger am Reserve-Polizeibataillon 101 op de Grond.

Wéi all gudde Krimi fänkt och dëse mat enger Läich un. De Chef vun der Brigade vu Rued-Sir gëtt mat enger Kugel am Kapp fonnt. Alles deit op se Selbstmuerd hin, mä et ginn Zweiwelen: War net eng aner Hand am Spill? A firwat huet sech säi Kolleg a fréieren Krichskomerod grad deen Dag zu Dout gesoff?

An „Déidlech Ofgrënn“ geet et nees ëm d’Krichsgeneratioun, déi mat hirer Vergaangenheet ze kämpfen huet, ëm eng staatlech Autoritéit, déi alles dru setzt fir datt d’Saache schéin ënner dem Teppech bleiwen, an ëm antikommunistesch Ënnergrondorganisatiounen, déi sech mat méi oder manner louche Militärvertrieder verbridderen. Déi ganz Fiedem lafen um Fischbach sengem Büro zesummen, an dës Kéier muss de Kapitän genee oppassen, wiem vu senge Kollegen hien nach traue kann …

Datt Lëtzebuerger aus der eemoleger Fräiwëllegekompanie vun de Preisen agesat goufe fir mam Reserve-Polizeibataillon 101 Krichsverbriechen un der jiddescher Bevëlkerung a Polen ze begoen, steet historesch – zënter der Goldhagen Debatt – ausser Zweiwel. Datt och elo, am Joer 2018, nach ëmmer probéiert gëtt, deen Thema ze evitéieren, beweist eng zimlech erofloossend Äntwert vum Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro dozou, iwwer déi och d’woxx geschriwwen hat. An deem Sënn ass et eng gutt Saach, datt de Jean Schoos probéiert, mat sengem Buch deen historesche Fakt an der populärer Kultur ze verankeren.

Net sou gutt ass awer den Opbau vu „Déidlech Ofgrënn“: Vill ze vill Personnagë kommen dra vir, sou datt een seng Méi huet ze wëssen, wien dann elo wou steet, an och si verschidde méi deskriptiv Passagen e gutt Stéck ze laang. Mä schlussendlech muss een dem Auteur zegutt halen, datt hien et awer nees fäerdeg bruet huet, e Stéck Lëtzebuerger Geschicht spannend ze verpaken – et lount sech also drun ze bleiwen, an op dat nächst Buch ze waarden.

Dat kéint Iech och interesséieren

KULTURTIPPLITERATUR

Roman : Léa ou la théorie des systèmes complexes

La forme du texte – des colonnes de phrases courtes, mais denses en informations – peut d’abord dérouter. C’est pourtant à ce rythme saccadé que Ian De Toffoli nous entraîne dans deux histoires qui s’entrecroisent : celle de Léa, jeune femme née à Luxembourg qui, prenant soudainement conscience de l’urgence écologique, en vient à se radicaliser contre Koch Industries, et celle de l’entreprise, dont la naissance et l’expansion nous sont contées en parallèle.

KULTURTIPP

Buchtipp: Die zweitgrößte Liebe

Henry und Michelle lernen sich kennen, verbringen unbeschwerte Tage und Nächte in Michelles Einzimmerwohnung, schwimmen im See und verlieben sich. In „Die zweitgrößte Liebe“ stellt Ruth-Maria Thomas die Frage, ob Liebe jedoch ausreicht, damit zwei Menschen aus unterschiedlichen sozialen Schichten sich gleichberechtigt begegnen und ein...