All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
D’Isabel Dos Santos ass déi räichste Fra vun Afrika. D’Milliardärin ass d’Meedche vum eemolege Präsident vum Angola. De Journalist*innen-Kollektiv ICIJ krut 700.000 Dokumenter geleaked, déi weisen, datt dee Räichtum net ganz aus legitimme Quelle komm ass. Dobäi gëtt et, wéi kéint et aneschters sinn, natierlech Verbindungen op Lëtzebuerg.
Dës Woch schwätze mir doriwwer, wéi de Luc Caregari vun der woxx bei senger Recherche zu de Luanda Leaks virgaangen ass a wat fir Verbindungen d’Isabel Dos Santos zu Lëtzebuerg huet. Dobäi sinn eis zwou Firme besonnesch opgefall. mehr lesen / lire plus