Carte Blanche op RTL: Eng zweet Chance fir den Denkmalschutz

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwert dat neit Denkmalschutzgesetz, dat nach eng Kéier op e Leescht muss geholl ginn.

Dëser Deeg fënnt zu Miersch eng ëffentlech Enquête statt, bei der d’Bierger*innen sollen zu deene fir hir Gemeng virgeschloe Klasséierungen a Saachen Denkmalschutz Stellung huelen.
Miersch ass domadder déi éischt Gemeng am Land, wou dëst Verfaren duerchgezu gëtt – an dat mol net ee Joer, nodeem de neie gesetzleche Kader dozou an der Chamber gestëmmt gouf.

Et ginn also Neel mat Käpp gemaach, an dach muss eens ech d’Fro stellen, op de Wee vun engem nationale Regëster, Gemeng pro Gemeng, eleng dee richtegen ass. mehr lesen / lire plus