Carte Blanche op RTL: Eng zweet Chance fir den Denkmalschutz

von | 30.01.2023

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwert dat neit Denkmalschutzgesetz, dat nach eng Kéier op e Leescht muss geholl ginn.

Dëser Deeg fënnt zu Miersch eng ëffentlech Enquête statt, bei der d’Bierger*innen sollen zu deene fir hir Gemeng virgeschloe Klasséierungen a Saachen Denkmalschutz Stellung huelen.
Miersch ass domadder déi éischt Gemeng am Land, wou dëst Verfaren duerchgezu gëtt – an dat mol net ee Joer, nodeem de neie gesetzleche Kader dozou an der Chamber gestëmmt gouf.

Et ginn also Neel mat Käpp gemaach, an dach muss eens ech d’Fro stellen, op de Wee vun engem nationale Regëster, Gemeng pro Gemeng, eleng dee richtegen ass.
Tatsächlech dierft et Joerzéngten daueren, bis den Inventar komplett ass. Bis dohinner gëllt, an deene verbleiwende Gemengen déi bekannte Prozedur: Wann en Haus sollt ofgerappt ginn, an déi Informatioun dann och bis an de Kulturministère virdréngt, kann eng Klasséierungsprozedur ageleet ginn.

Oft kënnt déi Prozedur awer ze spéit an d’Spill – da wann d’Gebaier, mat enger agerechenter Plus-value, schonns verkaaft oder d’Baggeren esouguer schonns am Rulle sinn. D’Resultat erliewe mer all Dag: Ee Bléck op d’Facebooksäit vu „Luxembourg under Destruction“ weist eis, dat d’Course géint Zäit längst verluer ass. Nëmmen ee Brochdeel vun dem wat der Zerstéierung ausgesat ass, gëtt am Enn erhalen.An esouguer, wann eng Klasséierung ausgeschwat gëtt, kommen d’Geriichter nawell gären zur Konklusioun, dat de Verloscht vun der Plus-value fir d’Proprietär*innen iwwert dem allgemenge Wäert vum Denkmalschutz rangéiert.

Awer och ëffentlech Acteure vergiesse ganz schnell, dat d’Erhale vum Patrimoine zu hire prioritäre Responsabilitéite gehéiert. An da ginn historesch Garen, oder zu Scheieren degradéiert Annexë vu klasséierte Baudenkmäler awer ongepréift platt gemaach.
Aus dëse Grënn hunn d’Initiator*inne vu „Luxembourg under Destruction“ d‘Chamberspetitioun 2477 opgeluecht, déi nawell zolitten Zousproch fënnt, an nach bis e Freideg kann ënnerschriwwe ginn.

Et geet drëm eng Ëmkéier vun der Beweislaascht hierzestellen: Wann een Haus, dat virun 1957 gebaut gouf, soll ofgerappt ginn, dann mussen d’Proprietär*innen beleeën, firwat dat Gebai net erhalenswäert ass. Déi Iddi gouf schonn 2020 an enger änlecher
Petitioun lancéiert, allerdéngs vun der Chamber net iwwerholl – mam Verweis op dat zukünftegt Denkmalschutzgesetz, bei dem alles sollt besser ginn.

No engem enttäuschenden Tëschebilan, wëll d’Petitioun 2477 elo op een Neits den Debat iwwer ee „koherenten an effikassen“ Denkmalschutz provozéieren, fir datt och d’Politik sech zu engem Problem muss bekennen, den eng schnell – a fir all Betraffen iwwersichtlech – Léisung brauch.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #394 – D’Enn vu Filmland

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. An enger Woch maachen d'Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D'Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #393 – Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D'Resultater vun der Studien...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #392 – Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d'Appell zu Paräis huet d'Strof fir d'Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #391 – Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Am Kader vun der internationaler Klimafinanzéierung gi räich Länner Sue vun d'Länner aus dem Globale Süden, fir datt déi d'Klimakris mitigéiere kënnen. An awer och, fir datt si sech un d'Auswierkunge vun der globaler Erwiermung upasse kënnen. Lëtzebuerg steet...