Podcast: Am Bistro mat der woxx #081 – Wat hunn d’Luanda Leaks mat Lëtzebuerg ze dinn?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. D'Isabel Dos Santos ass déi räichste Fra vun Afrika. D'Milliardärin ass d'Meedche vum eemolege Präsident vum Angola. De Journalist*innen-Kollektiv ICIJ krut 700.000 Dokumenter geleaked, déi weisen, datt dee Räichtum...



