Carte Blanche op RTL: Demoskopie als Walverléierer

Sou iwwerraschend d’Walresultat de Sonndeg och war, sou enttäuschend waren awer och d’Sondagen virdrun an duerno.

Si war nawell fatzeg grouss, d’Iwwerraschung déi um Walsonndeg e bësschen ewéi eng Flutwell iwwert d’Ländche geschwuppt ass. Normalerweis kann ee mat deenen éischte Walresultater, déi aus eenzele Walbüroe gemellt ginn, net vill ufänken.

Wann awer e puermol hannereneen de Message zimlech eendeiteg ass, da kritt ee séier d’Gefill fir en Trend – obwuel ee geléiert huet, datt um Enn di traditiounsräich Parteie mat de bekannte Käpp iwwert d’perséinlech Stëmmen nees Terrain guttmaachen kënnen.

D’Gefill huet engem dës Kéier Recht ginn: de grousse Succès fir d’CSV trëtt net an, am Géigendeel. mehr lesen / lire plus