Carte Blanche op RTL: Demoskopie als Walverléierer

Sou iwwerraschend d’Walresultat de Sonndeg och war, sou enttäuschend waren awer och d’Sondagen virdrun an duerno.

Si war nawell fatzeg grouss, d’Iwwerraschung déi um Walsonndeg e bësschen ewéi eng Flutwell iwwert d’Ländche geschwuppt ass. Normalerweis kann ee mat deenen éischte Walresultater, déi aus eenzele Walbüroe gemellt ginn, net vill ufänken.

Wann awer e puermol hannereneen de Message zimlech eendeiteg ass, da kritt ee séier d’Gefill fir en Trend – obwuel ee geléiert huet, datt um Enn di traditiounsräich Parteie mat de bekannte Käpp iwwert d’perséinlech Stëmmen nees Terrain guttmaachen kënnen.

D’Gefill huet engem dës Kéier Recht ginn: de grousse Succès fir d’CSV trëtt net an, am Géigendeel. An och di onerwaarte vill Walziedele fir d’Piraten an den Urnen, hat keng Ëmfro esou viraus gesinn. De grénge Succès war zwar ugesot, awer dach net an dem Ëmfang.

Et geet elo hei net ëm eng politesch Bewäertung vun dem Resultat, dat jo als Konsequenz huet, datt Dräierkoalitioun ka weider maachen, an d‘ CSV fir weider 5 Joren an d’Oppositioun geet.
Egal wéi een datt dann elo fënnt, hannerléisst de Walspektakel en onangenehme Geschmaach: Eigentlech, sou war eis verzielt ginn, sollt et jo just drëm goen, ze decidéiere wien dierft mat der CSV an d’Koalitioun goen.

Nieft der traureger Nationalismusdebatt, déi dann awer och iergendwéi net noutwendeg war, wann een d’Resultat vun de populistesche Lëschte kuckt, gouf et esou eben och e Walkampf, de wéineg Profil gebueden huet.

Enttäuschend war virun allem den demoskopeschen Encadrement, den dës Wale begleet huet.
Anstatt mat der zu Lëtzebuerg net ëmmer einfacher Sonndesfro zum geplangte Walverhalen, goufe mer säitelaang mat Bewäertunge vun eenzele Politiker*innen an hire Parteie bombardéiert. Sécher si fir d’Politik Kompetenz a Vertrauen zwee wichteg Kritäre – awer wéi et schéngt net walentscheedend.
Walfuerschung ass zu Lëtzebuerg sécher keen einfacht d’Geschäft. Et ass awer net sënnvoll, sech dorobber ze beschränken e puer Minutte virun den offiziellen Resultater déi eng déi aner Héichrechnung bekannt ze gi … déi dann um Ënn och nach falsch ass.

Et läit net nëmmen um Walsystem, datt mir bis 14 Auer wiele ginn, an eréischt am spéiden Owend gesot kréie, wéi et ausgaangen ass. A Bayern, wou och de Sonndeg gewielt gouf, sinn d’Büroen eréischt um 18 Auer zougemaach ginn. D’Resultat huet sech awer a Form vun enger éischter Prognos schonns eng Sekonn méi spéit um Ecran gewisen.

Fir sou eppes ze maachen, brauch een e ganz aneren Apparat, et muss ee Sondagë virun de Walbüroen den Dag selwer organiséieren a schnell auswäerte kënnen. Zu Lëtzebuerg ass et deene grousse Medien iwwerlooss esou Sondagen ze organiséieren – oder och net. Dobäi wier et wichteg en Instrument ze hunn, dat virum Walgang awer och duerno erlaabt detailléiert Analysen ze maachen, wéi zum Beispill Wielerwanderungen, an esou ze verstoe wat déi ënnerschiddlech Wieler tatsächlech wollten – den ominéisen absolute Wielerwëlle gëtt et nämlech net.

Et wär un der Zäit, datt d’Chamber als Institutioun iwwerleet di néideg Moyenen zur Verfügung ze stellen, fir datt esou Ëmfroe realiséiert kënne ginn. A net nees bis op de leschte Stëppel gewaart gëtt, fir ze mierken, datt nees eng Kéier näischt geschitt.

Sondagë kënne Wale beaflossen, falsch an onkomplett Ëmfroen allerdéngs nach méi.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.