Keng Lëtzebuerger Musek zu Dubai: E Schoss an den Uewen ?

Mëtt Dezember huet sech den Nationalkomponist Gast Waltzing um 100,7 driwwer opgereegt, dass de Klangkader vum Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai vun engem Berliner Kollektiv gemaach gëtt – e puer fläisseg Deputéierter hu probéiert de Skandal opzedecken.

(©MECO)

Wéineg verwonnerlech war de Grammy-Gewënner Waltzing mächteg getouft, wéi en erausfonnt huet, dass en zwar den OPL duerft dirigéieren, fir d’Hannergrondmusek vum Pavillon anzespillen, d’Musek awer vum Kollektiv Kling Klong aus der däitscher Haaptstad koum. Grouss war dunn d’Opreegung bei den national beweegte Membere vum Parlament, déi souwisou net vill kënne mat där ganzer Dubai-Geschicht ufänken, well et kéint jo net sinn, dass Lëtzebuerg sech op der Wüüsten-Show mat senger Fongen-Industrie, senge Satellitten a sengem Kachkéis bretze geet, ouni dass déi aarm Lëtzebuerger Kënschtler*innen eppes dovunner hätten. mehr lesen / lire plus