Keng Lëtzebuerger Musek zu Dubai: E Schoss an den Uewen ?

von | 17.01.2021

Mëtt Dezember huet sech den Nationalkomponist Gast Waltzing um 100,7 driwwer opgereegt, dass de Klangkader vum Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai vun engem Berliner Kollektiv gemaach gëtt – e puer fläisseg Deputéierter hu probéiert de Skandal opzedecken.

(©MECO)

Wéineg verwonnerlech war de Grammy-Gewënner Waltzing mächteg getouft, wéi en erausfonnt huet, dass en zwar den OPL duerft dirigéieren, fir d’Hannergrondmusek vum Pavillon anzespillen, d’Musek awer vum Kollektiv Kling Klong aus der däitscher Haaptstad koum. Grouss war dunn d’Opreegung bei den national beweegte Membere vum Parlament, déi souwisou net vill kënne mat där ganzer Dubai-Geschicht ufänken, well et kéint jo net sinn, dass Lëtzebuerg sech op der Wüüsten-Show mat senger Fongen-Industrie, senge Satellitten a sengem Kachkéis bretze geet, ouni dass déi aarm Lëtzebuerger Kënschtler*innen eppes dovunner hätten.

A sou hu sech op der Säit vun der CSV déi fréier Kulturministesch Octavie Modert zesumme mat der Diane Adehm, a bei der ADR de grousse Kulturkämpfer Fred Keup un de Clavier gesat, a séier zwou entrëschte Questions parlementaires getippt. D’Äntwerte vum Kulturministère an dem Wirtschaftsministère leien elo vir, a wéi sou dacks, ass den Text zweemol exakt dee selwechten, obwuel d’Froestellung variéiert huet.

D’Minister*innen Tanson a Fayot fänken un nach emol laang a breet dat ganzt Konzept vun der Weltausstellung an där virbildlecher Demokratie Dubai ze erklären. Och dass d’Thema „Resourceful Luxembourg“  ass, gëtt ouni Ironie nach emol detailléiert. A fënnef Kapitele soll eist vu Ressourcë just sou spruddelnd Ländchen den auslänneschen Investore schmackhaft gemaach ginn: Wirtschaft, Monarchie, Méisproochegkeet, Regiounen a Landschaften an zu gudder Lescht d’Leit an d’Bezéiungen zu Europa an dem Rescht vun der Welt.

Vu dass d’Gesetz iwwer de Groupement d’intérêt économique (GIE), dee vum Wirtschaftsministère gegrënnt gouf fir de Pavillon ze geréieren (an der Maggy Nagel en neien Job ze besuergen), et verlaangt, no europäeschem Recht eng grondsätzlech europäesch Ausschreiwung ze maachen, kann een*t scho bal frou sinn, dass e Lëtzebuerger Architektebüro – Metaform – dëse Concours fir sech konnt entscheeden.

A Metaform huet dunn eben decidéiert, sech „mat engem däitsche Prestataire, engem spezialiséierte Büro aus Däitschland“ zesummenzedoen, fir d’Zeenografie vum Pavillon auszeschaffen. An där wier souguer am Ufank emol net vu Musek riets gewiescht, heescht et am Courrier vun de Minister*innen, dat hätt sech sou „erginn“: „Well dës Hannergrondvertounung een integrale Bestanddeel vun der Zeenographie ass, huet sech den däitsche Prestataire drëms bekëmmert.“ Dass den OPL an de Gast Waltzing déi Nouten hunn dierfen aspille wier op de gudde Wëlle vum GIE zréckzeféieren, deen „och de kulturelle Secteur vu Lëtzebuerg wollt promovéieren“. An anere Wierder: Et ass net eis Schold, mä dem Architektebüro seng.

Vertréischt ginn eis Kënschtler*innen awer domat, dass déi artistesch Presenz um Pavillon souwisou vum Kulturministère an dem Focuna assuréiert gëtt: Si hunn aacht Artist*innen ausgesicht, déi dann och an hirem Eck kënne Konscht aus Lëtzebuerg präsentéieren, dat aus de Sparte Literatur, Danz, Theater, Konscht, Musek, Film an Design. Wien wëllt, ka sech dem Schrëftstëller Guy Helminger seng Impressioune vun enger éischter Prospektiounsrees op Dubai nach emol um 100,7 ulauschteren.

A wann dat net sollt duergoen, kënne sech d’Besicher*inne vum Pavillon och an der « Schengen Lounge » vum Pavillon e Muselwäin mat engem typesche Lëtzebuerger Plat schmaache loossen …

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #390 – KI an Aarbecht

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. "KI geet d'Aarbechtswelt revolutionéieren" heescht et dacks wenn et um déi Diskussioun um d'Auswierkunge vu KI op eis Liewe geit. Och de Premier Luc Frieden beschreift Lëtzebuerg als eng Land déi "Pro-Tech" an "Pro-KI" ass. Mee wéi gesäit dat Ganzt wierklech...

POLITIK

Tripartite : État providence !

L’accord tripartite conclu le 4 juin contente tout le monde : les salarié·es, les entreprises, les fonctionnaires, les agriculteurs et Luc Frieden. Face à la hausse des coûts de l’énergie, le premier ministre CSV a trouvé le chemin du dialogue social à grand renfort d’argent public.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #388 – Blutspende: Anhaltende Diskriminierung

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Erst im Mai hat das Luxemburger Rote Kreuz erneut Alarm geschlagen wegen niedriger Blutreserven – und das, obwohl potenzielle Spender hierzulande nach wie vor diskriminiert werden. Schwule und bisexuelle Männer müssen nämlich seither 12 Monate zölibatär leben,...