Contra: Opruff un d’Lëtzebuerger

referendum2015Mir, déi Fraen a Männer, déi dësen Opruff ënnerschreiwen, wëllen heimat ons déif Suerg ëm d’Entwécklong vun onsem Land am Zesummenhank mat der 2. Fro vum Referendum ausdrécken an ons Matbierger a –biergerinnen invitéieren, sech emol genee unzekucken, wat hei eegentlech um Spill steet. Ons geet et net drëm, Angscht ze verbreeden, mä de Wieleren d’Aen opzeman, fir datt se en informéierte Choix kënne maachen.

Mir invitéieren Iech, léif Matbierger a –biergerinnen, Är Ae grouss opzeman an extrem wuechsam ze sinn, ier Der Iech entscheet an Äert Kräiz um Wielziedel maacht. Mat engem majoritäre JO géif et onsem Vollek nämlech un d’Substanz goen! mehr lesen / lire plus