Contra: Opruff un d’Lëtzebuerger

referendum2015Mir, déi Fraen a Männer, déi dësen Opruff ënnerschreiwen, wëllen heimat ons déif Suerg ëm d’Entwécklong vun onsem Land am Zesummenhank mat der 2. Fro vum Referendum ausdrécken an ons Matbierger a –biergerinnen invitéieren, sech emol genee unzekucken, wat hei eegentlech um Spill steet. Ons geet et net drëm, Angscht ze verbreeden, mä de Wieleren d’Aen opzeman, fir datt se en informéierte Choix kënne maachen.

Mir invitéieren Iech, léif Matbierger a –biergerinnen, Är Ae grouss opzeman an extrem wuechsam ze sinn, ier Der Iech entscheet an Äert Kräiz um Wielziedel maacht. Mat engem majoritäre JO géif et onsem Vollek nämlech un d’Substanz goen! Dofir iwwerleet gutt an denkt dobäi un d’Konsequenze fir Är Kanner a Kandskanner an nach wäit doriwwer eraus. Wann d’legislativt Wielrecht fir Net-Lëtzebuerger nämlech opgemaach géif ginn, da wier et ganz einfach eriwwer mat der Souveränitéit – an deemno mat der Identitéit – vun enger Lëtzebuerger Natioun. Als Lëtzebuerger si mer am Moment nach an dësem Land souverän – awer och just an dësem! Wa mer déi Souveränitéit géifen opginn, da wiere mer et op ee Schlag néierens méi – d’Lëtzebuerger Vollek géif an deem Fall ganz einfach säin eegent a säin eenzegt Land verléieren!

’t ass also falsch a féiert ier, wa behaapt gëtt, et géif ons näischt kaschten. Richteg wier, ze soen, datt mer en enorm héige Präis géife bezuelen, an datt mir Lëtzebuerger – an nëmme mir – en onzoumutbare Risque dobäi géifen agoen.

Mir kënnen ons och net op déi fir de Moment nach restriktiv Konditioune verloossen. Wann dës nämlech, ewéi virgesinn, amplaz an d’Constitutioun, nëmmen an e Gesetz géifen ageschriwwe ginn, da kéinten se ganz séier gekippt an d’aktivt Wielrecht op dat passiivt ausgedehnt ginn. Vu datt déi mëndlech Garantien, zu deenen sech eenzel Politiker hiräisse loossen, keen engagéieren – schliisslech huet kee vun hinnen et eleng an der Hand – si se de facto näischt wäert! Et kéint deemno net ausgeschloss ginn, datt eng Kéier en anere Staat oder multinational Konzerner de souveräne Grand-Duché fir hir Zwecker géifen instrumentaliséieren andeem se ons Gesetzer iwwer Stréimänner géifen hire Virstellonge/Besoinen upassen. Onnëtz ze soen, datt, op d’mannst am leschte Fall, de Sozialsstaat, de Schutz vun onsem Patrimoine (grad ewéi de Konsumenten-, Ëmwelt- an Naturschutz) ausgelieft hätten.

Bedenkt och, datt esou e Schrëtt ni méi réckgängeg ze maache wier, well wa bis déi éischt fatal Follgen dovunner manifest wieren, wiere mir Lëtzebuerger Wieler an der Minoritéit. Sollt sech de JO duerchsetzen, da géif, vun elektoraler Echeance zu elektoraler Echeance, ënnert de Wieler an an der Chamber all Kéier d’Zuel vun deene méi kleng ginn, déi sech fir ons Sprooch staark maachen an ons Identitéit, mat allem wat drun hänkt, a Schutz huelen. Mir, a besonnesch ons Kanner a Kandskanner an all déi Generatiounen duerno, géifen domat ganz einfach d’Kontroll iwwert d’Geschécker vun onsem eegene Land verléieren, an zwar definitiv.

Et ass ons net entgaang, datt neierdéngs rieds vun engem « Awunnerwielrecht » geet. Wann dat eescht gemengt wier an de JO sech duerchsetze géif, da kéinten ca 30.000 Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, vun den nächste Wahlen un, néierens méi wielen! Well kaum en anert Land, scho guer net an Europa, denkt am Moment drun, en Awunnerwielrecht anzeféieren.

Léif Matbierger a –biergerinnen: kommt, mir loossen ons keen X fir en U virman! Esou e graven a risquéierten Akt ewéi d’Ewechgi vun onser Souveränitéit muss gutt iwwerluecht sinn an däerf ons op kee Fall einfach vun der Sympathie fir auslännesch Nopere, Kollegen a Frënn inspiréiert ginn, grad esou wéineg ewéi vun enger falsch verstanener Solidaritéit mat Mënschen, déi jo och en eegent Land hunn, an deem déi meescht ëmmer nach souverän sinn.

An der Welt gëtt et eng grouss Zuel vun indigene Vëlker, déi frou wieren, wann si eppes ewéi eng Souveränitéit hätten – an da sollte mir higoen an déi eege Souveränitéit ofginn?

Kommt, mir verspären, héiflech awer bestëmmt, dësem trojanesche Päerd de Wee a refuséieren, ons op en Experiment anzeloossen, bei deem d’Lëtzebuerger Vollek mat absoluter Sécherheet iwwer kuerz oder laang de Präis misst bezuelen a seng Identitéit géif verléieren.

(*) Nieft der Initiatorin hunn och nach ënnerschriwwen: Marguerite Biermann, Ana Da Costa Rodriguez, George Dessouroux, Mario Dichter, Selina Donaldson, Jerry Grün, Sonia Holzwarth, Jean-Claude Kaell, Danielle Kaell-Lallemang, Paul Kremer, Nina Mancini, Norbert Muller, Jean-Paul Nowacka, Christine Raoult, Alain Schroeder, Rita Schroeder, Ed Sinner, Fred Stoffels, Marie-Thérèse Tholl, Joé Trossen, Colette Welter, Miranda Welter, Hitta Van Wersch, Olivia Yenui

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.