Verkéierspolitik: De Vëlo, d’Stéifkand vun der Lëtzebuerger Mobilitéit

Eng fräi Tribün vum Yves Steffen, Member vum Kommitee vu „Vëlo Diddeleng“. D’Vëlosfueren huet an der Läscht vill Beuechtung, och vun der Politik, kritt. Allerdéngs net onbedéngt an all senge Facetten.

Foto: Pixnio

Okay, et ass dat Kand, wat – mol hei, mol do – e Bonbon kritt an och mol „schéi verwinnt gëtt“. Dat dann awer och mam Nogoût, dass et Joerzéngte laang komplett lénks leie gelooss ginn ass. Dat mécht net, dass d’Stéifkand sech méi beléift oder gewäertschätzt spiert.

Mee zur Erklärung vun der Analogie: Do wier engersäits de Vëlosummer, dee wierklech flott ass an och vill Leit op de Vëlo bréngt. mehr lesen / lire plus