Verkéierspolitik: De Vëlo, d’Stéifkand vun der Lëtzebuerger Mobilitéit

Eng fräi Tribün vum Yves Steffen, Member vum Kommitee vu „Vëlo Diddeleng“. D’Vëlosfueren huet an der Läscht vill Beuechtung, och vun der Politik, kritt. Allerdéngs net onbedéngt an all senge Facetten.

Foto: Pixnio

Okay, et ass dat Kand, wat – mol hei, mol do – e Bonbon kritt an och mol „schéi verwinnt gëtt“. Dat dann awer och mam Nogoût, dass et Joerzéngte laang komplett lénks leie gelooss ginn ass. Dat mécht net, dass d’Stéifkand sech méi beléift oder gewäertschätzt spiert.

Mee zur Erklärung vun der Analogie: Do wier engersäits de Vëlosummer, dee wierklech flott ass an och vill Leit op de Vëlo bréngt. Kuckt een d’Zuele vu Cyclisten, déi iwwer déi eenzel Tracéë gefuer sinn, kann ee vun engem Succès schwätzen. Dësen ass allerdéngs éischter op der touristescher Dimensioun ze veruerten: D’Groussregioun huet d’Geleeënheet, d’Villfalt vum Land op verschiddenen Tracéen an déi sëllege flott Ecker vum Land ze presentéieren. D’Flanéieren op de rouege Stroossen an idyllesche Vëlosweeër ass dobäi en exzellent Mëttel fir ofzeschalten an ze genéissen.

Dëst hëlleft sécherlech bei der Promotioun vum Vëlosfueren als Fräizäit-
aktivitéit, ma bréngt direkt eng duebel verzerrte Vue op säi Stand an der Lëtzebuerger Mobilitéitsfro: Et ännert awer un hirer aktueller Problematik relativ wéineg. Wa Gemengen sech um Rimm rappen, fir mat vill „Ach und Krach” déi eng oder aner Strooss am August ze spären, wou Congé collectif, Schoulvakanz an allgemeng manner Leit am Land sinn, dann ass dat am Fong keng grouss Leeschtung. Oft geschitt dëst ausserdeem just op engem eenzege Weekend.

Schwätzen d’Ministeren Delles a Bausch vum grousse Succès, hu si absolut Recht, ma et hëlleft net dem Cycliste, deen de Vëlo als Verkéiers-
mëttel am Alldag notze wëll. Déi verzerrte Success Story gaukelt vir „si hu jo genuch Vëlospisten, wisou wëllen se op der Strooss fueren?“ an „et kënnt ee jo iwwerall hi mam Vëlo“ … dat ebe well een et ënner Laboskonditiounen am August esou verkaf kritt, kritt d’Stéifkand séier de Stempel vum éiweg Onzefriddenen, wann et an der realer Welt aner Konditioune virfënnt a sech da beschwéiert.

Fir eng echt Alternativ zum Auto ze ginn, muss de Vëlo dauerhaft déi noutwendeg Plaz am Stroosseverkéier zougesprach kréien.

Da ginn et jo nach d’Primmen, wou all Resident et erméiglecht gëtt, sech eppes vum Staat bei säi Vëlo bäileeën ze loossen. Merci dofir! Wierklech! Et hëlleft beim Kaf vum Vëlo an och als Ureiz sech z’equipéieren. Et weist och – zu engem gewësse Grad – dass mer als Gesellschaft et derwäert fannen d’Uschafe vu Vëloen z’ënnerstëtzen. Leider beschränkt sech den Notze vum subventionéierte Vëlo meeschtens op de rekreative Loisirsnotzen. Säit der Aféierung vun der Primm huet de Verkaf vu Vëloen zougeholl. Ee volle Succès deemno, ma fir wie genau? Geet et hei ëm de flotte Moment am August? Oder wier et eng méi nohalteg Investitioun an d’Mobilitéit, wann dës subventionéiert Vëloen tatsächlech ons verstoppte Stroosse géingen entlaaschten, déi am Beruffstrafic un iwwerdimensionéierte 
SUVe kollabéieren?

Nom Vëlosummer gesäit et aktuell op de Vëlospisten éischter nom „Schlittschongwanter“ oder „Zidder-dech-awer-léiwer-duerch-de-Verkéier-Wanter“ aus. Kee verlaangt gestreete Vëlospisten, déi duerch Naturschutzgebidder ginn. Ma dat bréngt d’Haaptproblematik vum Vëlosreseau op de Punkt. D’allgemeng Virstellung vum Vëlo an der Verkéierslandschaft ass déi, déi mer beim Vëlosummer als Succès verkaf kréien: wäit ewech vun den oft direkte Stroosse-
verbindungen tëscht A a B a wa méiglech do an dann, wou en den Auto net stéiert. Dëst bréngt onnéideg Ëmweeër mat sech an eliminéiert de Vëlo leider oft als reell Alternativ am zäitlech streng getakten Alldag a réckelt deen, deen sech dann awer op déi normal Strooss traut, an den Eck vun de Liewensmidden.

Fir eng echt Alternativ zum Auto ze ginn, muss de Vëlo dauerhaft déi noutwendeg Plaz am Stroosseverkéier zougesprach kréien. Wann d’Leit sollen op de Goût kommen, de Gebrauch vum Vëlo zur Gewunnecht soll ginn an domat d’Subventionéierung an d’Promotioun vum Vëlo déi néideg Nohaltegkeet solle genéissen, da mussen Eltere mat hire Kanner 
kënne sécher hir Trajete mat der doucer Mobilitéit gemeeschtert 
kréien. D’Crèche, d’Schoul an de Super-
marché leien eben net um Vëloswee, deen duerch d’Zone verte geet, ma an den Duerf- oder Stadkären an oft och réischt am Nopeschduerf oder an der Nopeschgemeng. Dëst och net just u sonnegen Augustdeeg, wou vill Leit Congé hunn, Schoule souwisou zou sinn, ma eben och an engem Januar, wou et dobaussen donkel, naass a kal ass, a vill noutwenneg Trajeten d’Stroossennetz belaaschten.

An do wier ee beim Kärproblem: Et feelt e Gesamtkonzept, hannert deenen eenzele flotten isoléierten Aktiounen. Hei ass net nëmmen d’lokal ma och d’national Politik gefrot, séier a virun allem koherent a konsequent ze handelen. Sou kann de séchere Vëlosreseau mam Zuch-
reseau verglach ginn: „feelen e puer Meter Schinnen, fiert keen Zuch“ an ’t ass net mat e bësse Faarf lénks a riets gedoen.

En oft genannte Beispill vun engem schnelle Wandel ass Paräis. Hei gouf gewisen, dass a kuerzer Zäit, mat manner Budget ma mat méi Courage, eppes ëmgesat ka gi wat d’Verkéierstransitioun beschleunegt an de Vëlo als Verkéiersmëttel a net just fir Vakanzenaktivitéit promouvéiert. Zu Paräis gouf – an e puer Méint – eng effikass Vëlosinfrastruktur mat de Contraintë vun enger bestoender Stad instauréiert, well ebe keng Zäit ass fir op e Fleckenteppech vu „neien“ verkéiersberouegte Quar-
tieren ze setzen, fir de Vëlo an d’Mobilité douce ze denken.

D’Fro déi sech deemno stellt, ass déi, ob sech Lëtzebuerg an Zukunft weider als touristesch Vëlosnatioun vermaarte wëll oder ugefaange gëtt, den ëffentleche Raum net méi primär dem Auto zouzeschwätzen. Dëst hätt de Virdeel, dass mat all Vëlo méi op der Strooss och een Auto manner am Stau géif stoen.

Bei de Gebridder Grimm war d’Stéifkand zum Schluss zumindest ëmmer de Gewënner …


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.