Am Bistro mat der woxx #321 – Klimakrise: Pläne der Regierung, Forderungen der CSL

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Haut schwätze mir iwwert d’Klimakris an hir Auswierkungen op Lëtzebuerg. Wéi hu sech d’Temperature bei eis verännert, a wat sinn déi konkret Konsequenzen fir d’Natur an d’Aarbechtswelt? De Joël Adami erkläert, wéi d’Regierung mam neie Klimaupassungsplang reagéiert a firwat d’CSL Ännerungen am Aarbechtsrecht fuerdert, fir d’Aarbechter*innen besser ze schützen.

Den Artikel dozou: Klimakrise: An der Anpassung arbeiten

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #320 – Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Haut schwätze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nämlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwätzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontéiert ass, déi suizidär Gedanken äussert? D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren net just iwwert déi Froen, mä schwätzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe besonnesch betraff sinn. Si decken och e puer Mythen, déi et iwwert suizidär Persoune ginn, op.

Den Artikel dozou: Psychische Gesundheit: Gefährliches Schweigen

 

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #319 – Zwou Petitiounen zum Thema LGBTIQA an der Chamber

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Leschten Dënschde gouf an der Chamber iwwert zwou Petitiounen diskutéiert. Déi eng wollt all LGBTIQA-Themen aus der Schoul verbannen, déi aner huet sech fir méi vun dësen Themen am Unterrecht agesat. D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren am Podcast, wéi si dës Diskussiounen erlieft hunn an analyséieren, wéi d’Politik mat de Petitiounen ëmgaangen ass – an iwwerleeën, wat een hätt kéinte besser maachen.

D’Artikelen dozou: LGBTIQA-Politik: Sonntagsreden reichen nicht & Debatte: Nicht-Wissen-Wollen

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #318 – D’russesch Krichswirtschaft an d’Konsequenzen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Kuerz virun Enn vu senger Präsidentschaft huet de Joe Biden nacheng Kéier säfteg Sanktioune géint Russland beschloss. Den DonaldTrump schéngt dat net ze steieren, hien huet dem Putin mat nach méiSanktioune gedréit, sollt de Krich an der Ukrain net geschwënnzu Enn sinn. Ee gudde Moment also, fir sech unzekucken, wat déiSanktioune genee sinn a wéi se wierken. An Russland gëtt et zwareng Zort wirtschaftleche Boom, mä trotz niddreger Aarbechtslosegkeetan héije Léin kënne sech vill Leit d’Liewen net leeschten. Wisoudat esou ass, erkläert den Thorsten Fuchshuber an dëser Episod vumwoxx-Podcast.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #317 – Dual-Use: Krichsmaterial aus Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Obwuel mir zu Lëtzebuerg keng eege Rüstungsindustrie hunn, gi Firmen aus dem Grand-Duché beschëllegt, u Krichsverbrieche bedeelegt ze sinn. Dat dës Firmen zwou Banke sinn, ass fir déi meescht vun eis warscheinlech net iwwerraschend. An dëser Episod geet et dorëms, wéi Lëtzebuerg a seng Finanzplaz bei Kricher a Krichsverbrieche matmécht. Ob dëst manner wäert ginn, hänkt vun der Regierung of, wéi d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui erkläert. Dat hänkt engersäits dovunner of, wéi d’Richtlinn fir een Droit de vigilance ëmgesat gëtt, an anerersäits dovunner, wéi Lëtzebuerg an Zukunft mat sougenannten Dual-Use-Projeten ëmgeet.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #316 – Gëtt et Dateschutz am Prisong?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Eng däitsch Aktivistin huet opgedeckt, datt de Programm „Basis“, dee fir d’Verwaltung vun de Donnée vu Prisonéier benotzt gëtt, net konform mat der Dateschutz-Reglementatioun ass. An wéi si méi Informatioune wollt hunn, huet et geheescht: Nee, well Lëtzebuerg wëll déi Informatiounen net erausginn. Lëtzebuerg? Jo, och de Grand-Duché benotzt „Basis“, mä hei am Land gesäit d‘Administratioun keng Problemer mam Dateschutz. D‘woxx ass der Saach op de Grond gaangen, am Podcast schwätze mir doriwwer.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Gefängnisverwaltung: Die Software für alles – außer Datenschutz 

 

 

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #315 – Die Illusion von Gesellschaft

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt d’Melanie Czarnik iwwert hir Recherche zu der sougenannter Kënschtlecher Intelligenz an der Roll, déi se am Kampf géint Einsamkeet spillt. Riets geet iwwert Plattformen wéi Replika an déi nei friend-App, wéi KI als Begleeder funktionéiert a wat fir Risiken an Erausfuerderungen domat verbonne sinn.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Die Illusion von Gesellschaft

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #314 – Wisou de Computer domm bléift an kënschtlech Intelligenz virun allem Hype ass

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt de Joël Adami iwwert seng Meenung an Usiichten zur sougenannter Kënschtlecher Intelligenz, wéi hien se och a sengem Essay an der neister woxx duergeluecht huet. Riets geet iwwert d’Verschmotzung vum Internet, iwwert d’Materialitéit vu KI an anere Programmer a wéi grouss den ökologesche Foussofdrock vun esou Programmer ass. Hien erkläert awer och, wat fir Uwendunge senger Meenung no sënnvoll sinn a wat vun der KI-Fabrik vun der Lëtzebuerger Regierung ze halen ass

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Der Computer bleibt dumm

 

 

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #313 – Ewigkeitschemikalien

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An der neier Folg vu Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwer Eewäik-Chemikalien an eisen Gewässeren. Hien erklärt, wat dës Chemikalien sinn, wéi se an d’Ëmwelt kommen a wéi eng Geforen se fir Mënsch a Natur duerstellen. Hien beliicht och déi onvollstänneg Donnéeën an d’Gesetzeslag an Europa a gitt en Abléck an déi aktuell Situatioun zu Lëtzebuerg.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Ewigkeitschemikalien

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #312 – Wat ass digital Gewalt géint Fraen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Am Kader vun der Orange Week werfe mir haut ee Bléck op digital Gewalt géint Fraen. Villes, wat dorënner fält, léisst sech mat Cyberstalking an Iwwerwaachung zesummefaassen. Frae gi vun hire Partneren oder Expartner elektronesch iwwerwaacht. Dat geet net just mat engem Smartphone, mä mëttlerweil och mat dem Auto. D’Melanie Czarnik erkläert am Podcast, wat fir Methoden et ginn, mat deenen d’Täter hir Affer iwwerwaachen a stalken – an awer och, wéi een sech dogéint ka wieren.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Digitale Gewalt: Das Handy als Tatwaffe

 

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #311 – Wat geschitt mam Chômage vu franséische Frontalieren?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Frankräich wëll de System änneren, wéi dSuen, déi Frontalieren am Chômage ze gutt hunn, berechent ginn. Si sollen deemno däitlech manner kréien, wat och eng grouss Verschlechterung vun hirer Situatioun mat sech bréngt, well dLiewen hannert der Grenz duerch déi héich Léin zu Lëtzebuerg däitlech méi deier ginn ass wéi am Recht vu Frankräich. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi et zu dëser Reform koum, wat se fir dFrontaliere bedeit a wéi zu Lëtzebuerg dorobber reagéiert huet.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #310 – Wisou gouf d’Anti-Deforestatiounsgesetz vun der EU verréckelt?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Am EU-Parlament gouf beschloss, de Start vum Anti-Deforestatiounsgesetz ëm ee Joer ze verréckelen. Mä net nëmmen dat, et koum och a leschter Minutt zu Ännerungen um Text u sech. Dëst alles duerch eng Koalitioun aus rietsen a rietsextreme Parteien. Am Podcast erkläert d’Tatiana Salvan, wéi et zu dësen Ännerunge koum, wat un hinne kritiséiert gëtt a wéi d’Zukunft vum Anti-Deforestatiounsgesetz elo ausgesäit.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Environnement : Pas de répit pour les forêts

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #309 – Wat bréngt d’Reform vum Naturschutzgesetz?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz steet staark an der Kritik. Dat net nëmme wéinst dem Inhalt, mä och wéinst der Aart a Wéis, wéi d’Gesetz entstanen ass. An dëser Episod vum Podcast erkläre mir, wat et mat der Ee fir Allemol-Kompenséierung, dem Bam-Präbbeli an der Natur auf Zeit op sech huet, wat un dëse Konzepter kritiséiert gëtt a wisou an dësen Diskussiounen de roude Schéierschwanz (Rotmilan) esou dacks optaucht.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Reform des Naturschutzgesetzes: Rotmilan, Goldammer und Petersilie

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #308 – Grenzenlose Fitness – Das inklusive Gym Iron Sparks

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Das Functional Fitness Gym „Iron Sparks” zeigt, wie Inklusion im Sport gelingen kann. Am kommenden Samstag, dem 9. November wird es für sein Engagement geehrt. Wir waren vor Ort und sprechen heute über dieses spannende Projekt.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Grenzenlose Fitness

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #307 – Ëmmer méi Repressioun géint Aarmer

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dräi verschidde Mesüre goufen eleng dëst Joer a Kraaft gesat oder virgestallt, déi als Zil Repressioun géint aarm Leit, meeschtens Mënschen ouni feste Wunnsëtz, déi heeschen, hunn. Déi Projeten hunn allerdéngs och vill Kritik mat sech bruecht, a sinn deelweis an hiren Detailer zimmlech absurd. D’María Elorza Saralegui huet an der woxx vun dëser Woch eng Zesummefaassung gemaach, wat an deene leschte Méint geschitt ass, a wat déi wichtegst Kritikpunkten dorunner sinn. Si erkläert eis am Podcast, wat fir repressiv Moossname geplangt sinn.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #306 – Das Patriarchat in Flammen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Junger Feminismus in Luxemburg
Die Scham muss die Seite wechseln, nämlich auf die Seite der Täter. Diese Forderung ist in Frankreich zum Schlachtruf einer neuen Feminismusbewegung geworden. In Luxemburg bleibt es vergleichsweise still, und doch erhebt auch hier eine Gruppe junger Feminist*innen ihre Stimme, die „Voix de jeunes féministes“.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Patriarchat in Flammen?

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #305 – L’espace a besoin d’air

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Weltraum: Ënnert engem Himmel voller Dreck
Millioune vu Weltraumtrëmmer kreesen ëm eis Äerd, wat d’Resultat vun de ville Rakéitestarten aus de leschte Joerzéngten ass. D’Gefor vu Kollisiounen, déi nei Trëmmer schafen, klëmmt, an domat och d’Bedreeung fir Satellitten, bemannt Flich a fir eis Gesellschafte, déi staark op Satellittendéngschter ugewise sinn. Lëtzebuerg an aner Weltraumakteure denken elo méi u nohalteg Léisungen.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Espace : sous un ciel de déchets

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #304 – D’Diskussiounen ëm d’Pensiounsreform hate kee gudde Start

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Diskussioune ronderëm eng méiglech Pensiounsreform hunn dës Woch offiziell ugefaangen. Dat, obwuel an deene leschte Méint scho vill iwwert Thema geschwat gouf. Mat enger Diskussiounsplattform sollen all d’Bierger*innen matschwätze kënnen, mä net vill. Wien sech vun engem Zeechelimit vu 500 Zeeche virun de Kapp gestouss fillt, ass net eleng: Och d’Gewerkschafte sinn net zefridde mat der Aart a Wéis, wéi d’Regierung deen Discours organiséiere wëll. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wisou de Start vun där grousser Debatt mësslongen ass.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pensions : la tension monte entre syndicats et gouvernement

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #303 – Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng staark Segregatioun am Schoulsystem. Schüler*innen, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen oder déi aus engem schwaache sozioekonomeschen Haushalt kommen, lande vill manner dacks am Classique wéi zum Beispill lëtzebuergesch Schüler*innen mat räichen Elteren. D’María Elorza Saralegui huet sech fir d’woxx ugekuckt, wat d’Ursaache vun deenen Ënnerscheeder si kéinten. Fest steet, datt d’Orientéierung am sechste Schouljoer wuel vir vill Leit dee wichtegste Moment an hirem Liewen ass, deen hir spéider berufflech Zukunft scho festleet. Dofir schwätze mir am Podcast och vill doriwwer, wéi sech déi Orientéierung an deene leschte Jore verännert huet, mä awer och doriwwer, wisou keen iwwert eng grouss Reform mat engem verlängerten Tronc Commun schwätzt.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #302 – D’EU an de béise Wollef

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zanter e Mëttwoch ass kloer: De Wollef soll deemnächst an der EU manner streng geschützt sinn. Argumentéiert ginn ass dee Schratt mat Problemer, déi d’Déier soll verursaachen, zum Beispill duerch Schof, déi gerass ginn. Och Lëtzebuerg huet sech fir ee manner strenge Schutz ausgeschwat. Domadder huet d’Regierung eng 180-Grad-Dréiung higeluecht, ouni déi awer genee ze erklären. Am Podcast schwätzen d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert de Wollef, seng Situatioun zu Lëtzebuerg an an der EU, an iwwert Fro, wéi ee Management vum Wollef kann ausgesinn.

mehr lesen / lire plus