Am Bistro mat der woxx #396 – Um Tour mam Dynamobile

von | 31.07.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Logo vum Podcast am Bistro mat der woxx. Et ass d'Episod Nummer 395, Um Tour mam Dynamobile. Am Hannergrond ass eng schwaarz-wäiss Foto vun engem Kopfhörer.Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d’Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet si getraff. Am Podcast erkläert si, wisou grad déi intergenerationell Approche sou interessant ass, a wisou dës Vëlos-Vakanz och eng politesch Dimensioun huet.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Dynamobile : Une vague de cyclistes intergénérationnelle

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...