Podcast: Am Bistro mat der woxx #115 – Wouhinner mat all dem Plastik?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Mat méi strenge Reegele wëll d’EU de Plastikproblem léisen. Eng Analys vum Europäesche Rechnungshaff huet awer gewisen, datt dat guer net esou einfach ass. Dozou kënnt, datt vum nächste Joer un international méi streng Reegele fir den Export vum Plastiksoffall gëlle wäerten. Wou soll also all de Plastik hin? De Joël Adami an d‘Isabel Spigarelli hunn méiglech Léisungen an Ausweeër diskutéiert.

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #114 – Sexistesch Dresscoden an Lëtzebuerger Schoulen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch schwätzt de Joël Adami mam Tessie Jakobs iwwert sexistesch Kleederuerdnungen an Lëtzebuerger Lycéeë. De Stee vum Ustouss war dee vum Dikrecher Lycée (LCD), géint deen et eng Petitioun gëtt, déi op social media fir vill Opreegung gesuergt huet. Den Direkter, mä och de Präsident vum Schülerkommitee vun dem Lycée verdeedegen den Dresscode, mä dat mat schlechten Argumenter. D‘woxx-Journalist*innen diskutéieren doriwwer, wisou dat esou ass, wisou vill Dresscode vun „Respekt“ oder „Provokatiounen“ schwätzen an wisou esou Formuléierunge problematesch sinn. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #113 – Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Iwwer 70.000 Tonne Liewensmëttel ginn all Joer zu Lëtzebuerg ewech gehäit. De meeschten Dreck kennt vun den private Stéit, mä den Undeel un nach iessbare Liewensmëttel, deen an der Gastronomie an am Commerce verkaaft gëtt, ass enorm grouss. Wat fir Mëttelen an privat Initiative ginn et, fir géint dës Verschwendung virzegoen? Kann d‘Regierung mat hirer Null Offall-Strategie eppes dogéint maachen oder kréie mir do dach erëm just Rezepter fir den Stronk vum Brokkoli?

De Joël Adami huet dës Woch an der woxx een Artikel iwwert déi Froe gestallt an diskutéiert se am Podcast mam Isabel Spigarelli

 

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #112 – D’Transition-Beweegung a LGBTIQA-Rechter an der EU

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Haut stinn zwee Themen am Mëttelpunkt vun eisem Podcast, amplaz vun engem grousse Plat kritt dir zwee Snacken. Engersäits steet denrt den Transition-Movement um Menü an anersäits werfe mir ee Bléck op d’Rechter vun der LGBTIQA-Communautéit an der EU. Ulass ass een Interview mam Rob Hopkins, deen als Grënner vun der Transitiounsbeweegung gëllt. D’woxx huet mat him iwwer Covid-19 an den Normalzoustand geschwat, awer och iwwert d’Fro, op et méiglech ass, sech eng Welt ouni Kapitalismus virzestellen. De Joël Adami schwätzt iwwert seng Andréck a Gedanken dozou. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #111 – Wéi léisst sech ee Film rezenséieren, dee kee ass?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dem Charlie Kaufmann säi Film „I’m Thinking of Ending Things“ feiert op Netflix Premieren. D’Tessie Jakobs huet sech en ugekuckt – an dat méi wéi eng Kéier. Wisou kann ee net vun engem klassesche Film schwätzen? Wéi vill kann een iwwert dem Kaufmann säi Wierk schreiwen ouni ze vill ze verroden? Iwwert dëst an aneres schwätzt d’Tessie mam Isabel Spigarelli.

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #110 – Wéi gesäit déi Europäesch Chemikaliëpolitik an Zukunft aus?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’EU huet mat der Reach-Direktiv déi strengste Chemikaliëpolitik op der Welt. Am Hierscht wëll d’Kommissioun eng nei Strategie virstellen, déi eng Welt ouni toxesch Chemikalië versprécht. Eng rezent Diskussiounsronn dozou huet net nëmme gewisen, datt d’Virstellunge vun der Politik an der Industrie wäit ausernee ginn. D’woxx huet méi ee geneeë Bléck op déi sougenannt Chemiewende geworf.

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #109 – Battle Royale ëm d’App-Stores

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zanter dem 13. August ass d’Spill Fortnite net méi an den App-Stores vun Apple a Google ze fannen. De Joël Adami schwätzt mam Isabel Spigarelli doriwwer, wisou den Hiersteller Epic Games express géint Bedéngunge vun den zwee Internet-Gigante verstouss huet a wéi se probéieren, d’Notzer*inne vu Fortnite op hir Säit an dem Kampf ze bréngen.

D’woxx-Journalist*inne diskutéieren ausserdeem doriwwer, wat Spotify mat där Saach ze dinn huet an op de Move vun Epic Games dann elo wierklech ee Kampf fir d’Fräiheet ass oder éischter mam Wonsch, méi Suen ze verdéngen, ze dinn huet. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #108 – Corona-Chaos an queer Geschicht

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Joël Adami an d’Isabel Spigarelli schwätzen an dëser Episod vum Podcast iwwer zwee verschiddenen Artikelen, eng Kéier geet et ëm de Chaos beim Versuch, een Test fir de neiaartege Coronavirus ze kréien, bei dem zweete geet et ëm eng Expo iwwer queer Geschicht an Däitschland.

Beim Corona-Chaos geet et ëm eng onglécklech Verkettung vun Zoufäll, déi dozou gefeiert huet, datt eng Persoun sech bal iwwerhaapt net konnt teste loossen an duerno huet missen immens laang op een Testresultat waarden. Am zweeten Deel schwätzen d’woxx-Journalist*innen iwwert déi virtuell Expo Queer as German Folk, déi een déiwen Abléck an déi queer Geschicht vun eisem Nopeschland bitt. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #107 – MEGA enttäuschend

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli vun der woxx schwätzen des Woch iwwer den neien Aktiounsplang vum Ministère fir d’Gläichstellung vu Fra a Mann. Der Tessie Jakobs fält dozou virun allem een Adjektiv an: enttäuschend.

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #106 – De grousse Raumplanung-Casting, vun deem keen eppes weess

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi lëtzebuergesch Regierung schreift eng Consultatioun zur Raumplanung aus, kommunizéiert doriwwer awer net mat der Bevëlkerung. D’Isabel Spigarelli schwätzt am Podcast mam Joël Adami doriwwer, wat hien bei senger Recherche zu  „Luxembourg in Transition“ erausfonnt huet a wat eng schwäizeresch Architekturstëftung an ee Label, dee soss keen huet, domadder ze dinn hunn.

 

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #105 – Digital Konscht an an no der Covid-19-Kris

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wéi huet sech de Kulturdeel vun der woxx zanter dem Ausbroch vun der Covid-19-Pandemie verännert? Si Streaming-Events Konscht? Wéi kann een*t Kultur esou gestalten, datt se digital Sënn ergëtt an de Public sech net déi ganzen Zäit wënscht, awer am Sall ze sinn? Wat fir eng Zort Interaktivitéit ass bei digitaler Konscht wënschenswäert?

Dëse Froe ginn de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli dës Woch am Podcast no.

 

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #104 – Mediepolitik oder Albdram?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

En éischten Abléck an dat nei Pressehëllef-Gesetz geheit Froen op: Wiem gëtt tatsächlech gehollef a wien kënnt ze kuerz? Wéi gesäit et mat Community-Medien wéi dem Radio Ara aus? D’Tessie Jakobs schwätzt mam Richard Graf iwwert dat geplangte Gesetz an d’Chambersdebatt, an däer des Woch iwwer de Service Publique an de Medien diskutéiert gouf.

 

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #103 – Homosexualitéit a Männlechkeet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wéi schléit sech Homosexualitéit an der Sprooch nidder a wisou musse queer Mënschen zweemol schwätze léieren? Oder esouguer méi dacks? Geet Feminismus och mat Männer, a brauch et eng eege Männerrechtsbeweegung? Isabel Spigarelli an Tessie Jakobs ginn an eisem Podcast vun dëser Woch deene Froen op d’Spuer.

Si diskutéieren iwwer dem Didier Eribon säi Buch Betrachtungen zur Schwulenfrage a kucken sech un, wisou Männer sech dacks benodeelegt fillen, wann se mat feministesche Fuerderunge konfrontéiert sinn. Och do geet et ëm d’Sprooch, well dacks geschlechtergerecht Schreifweisen ofgeleent ginn.  mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #102 – Blackfacing am Athénée

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Blackfacing ass eng rassistesch Praxis, bei där sech wäiss Mënsche mat schwaarzer Faarw umolen, fir dës am Theater ze spillen. Dëst huet eng laang Geschicht, an et ass ëmmer dorëms gaangen, eng rassistesch Karikatur vu Schwaarze Mënschen duerzestellen. Virun e puer Méint gouf et bei engem Musical am Stater Kolléisch eng Roll, déi vun engem wäisse Schüler mat Blackface gespillt ginn ass.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an d’Tessie Jakobs am Podcast vun der woxx iwwert de Blackfacing-Virfall am Stater Athénée. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #101 – Trans Persounen a Film a Serien

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Och 51 Joer no Stonewall gëtt et ëmmer nach vill Diskriminéierung géint Membere vun der LGBTIQA-Communautéit. Dat läit net nëmmen, mä awer och, un der Representatioun an de Medien. Déi huet sech fir Schwuler a Lesben an deene leschten Dekade gebessert, mä bei trans Persoune gëtt et nach vill ze maachen.

Joël Adami an Tessie Jakobs ënnerhalen eis dës Woch am Podcast iwwer dat Thema a kucken sech unhand vun der Netflix-Dokumentatioun „Disclosure“ un, wéi sech d‘Aart a Wéis, wéi trans Persounen a Film a Serien duergestallt ginn, am Laf vun de Jore geännert huet. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #100 – D’woxx vun der Zukunft

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Mir feieren déi 100. Episod vun eisem Podcast. Dës Kéier gi mir dofir op eis aktuell Campagne „D‘woxx vu muer“ an. Véier vun eise Journalist*innen erzielen iwwert déi Aspekter, déi hinne besonnesch wichteg sinn. De Raymond Klein iwwert d‘woxx als Virreiderin am Digitalen, de Richard Graf iwwert de Geschäftsmodell vum Zeitungsmaachen zu Lëtzebuerg, d‘Tessie Jakobs iwwert den Ëmgang mat der Sprooch an eisen Texter an d‘Isabel Spigarelli iwwert eis Resilienz, déi mir wärend der Covid-19-Kris besonnesch mat eisem Agendadeel hu missen ënnert Beweis stellen. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #099 – Zeréck an de Büro, zeréck bei d’Problemer vun der Aarbechtswelt

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Net jiddereen*t hat d’Chance, konnten op den Home-Office zeréck ze gräifen. Mä fir déi, déi elo erëm mussen zeréck an de Büro, stellen sech awer eng ganz Rëtsch Problemer: Deelweis ginn d’Sécherheetsmesuren net agehalen, oder d’Aarbechtsmaterial ass deenen néien Aufgaben a Kommunikatiounsformen, déi wärend der Kris entstane sinn, net ugepasst. Verschidden Employéen hunn d’Gefill, si misste just an de Büro, fir datt hir Chef*innen si besser kontrolléiere kéinte – ouni awer datt se Aarbecht hätten.

Dës Kéier schwätzen de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli am Podcast doriwwer, wéi schwiereg de Wee zeréck an de Büro ka sinn a kucken eis och un, wéi déi rechtlech Situatioun ass. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #098 – Jugendhaiser an der Pandemie

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Och wärend dem Confiment hunn d‘Jugendhaiser zu Lëtzebuerg weider funktionéiert. Dat allerdéngs net wéi normal als Struktur, wou d‘Jugendlecher kënnen hikommen, mä eben digital. Obwuel d‘Schoulen erëm op sinn, bleiwen d‘Jugendhaiser am Moment nach zou. De Joël Adami an d‘Tessie Jakobs schwätzen haut am Podcast doriwwer, wéi déi oppe Jugendstrukturen digital mat hire Jugendlecher a Kontakt bliwwe sinn, wat fir Aktivitéiten si ugebueden hunn a wéi et deene Jugendlecher ergeet, déi einfach just eng Persoun brauchen, mat där si iwwert hir Problemer schwätze kënnen. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #097 – Biodiversitéit an Pandemien

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Pandemien entstinn och, well mir ëmmer méi an d‘Natur agräifen. Wéi kann een*t dogéint virgoen? D‘läscht Woch huet d‘Europäesch Kommissioun hir nei Biodiversitéitsstrategie virgestallt. 30 Prozent vun de Land- a vun den Mieresflächen an der Unioun sollen ënner Naturschutz gestallt, d‘Béie gerett an dräi Milliarde Beem geplanzt ginn.

Wäert de Plang hëllefen, eis virun zukünftege Pandemien ze schützen? Wéi gesäit et mat dem vill zitéierte „System Change“ aus, deen dacks gefuerdert gouf? D‘Isabel Spigarelli an den Joël Adami schwätzen an dëser Episod iwwert dës Froen – dir gitt dann awer och gewuer, wisou een*t beim Podcasten heiansdo eng Int brauch. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #096 – Systemwiessel amplaz Neistart?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et ass mëttlerweil ee Klischee, datt d’Klimakris net einfach wéinst der d’Covid-19-Kris opgehalen huet. Vill zivilgesellschaftlech Acteure fuerderen elo, datt d’Regierung d’Geleeënheet ergräift an déi wirtschaftlech Relance esou gestallt, datt eis Aart a Weis ze wirtschafte grondleeënd geännert gëtt. Am Edito vun dëser Woch hunn mir eppes ganz Änleches gefuerdert: Et brauch ee Systemwiessel, fir datt mir net vun der Pandemie an d’Klima-Apokalypse lafen. Am Podcast vun dëser Woch schwätzen d’Isabel Spigarelli an de Joël Adami doriwwer, wisou dat esou ass. mehr lesen / lire plus