Am Bistro mat der woxx #337 – Onhygieenesch Zoustänn a Lëtzebuerger Flüchtlingsstrukturen

von | 30.05.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Ee Bericht vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot wéist op schlëmm Conditiounen an de Strukturen, déi Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ophuelen, hin. D’woxx-Journalistin María Elorza konnt de Bericht liesen, an och aner Dokumenter, wéi zum Beispill Fotoen, gesinn. Do ass ze gesinn, datt d’Liewenskonditiounen an deene Strukture schlëmm sinn, sou ginn et ganz onhygieenesch Sanitäranlagen, mä awer och Problemer mat der Sécherheet a quasi keng Privatsphär. Am Podcast erkläert d’María Elorza, wisou déi Conditiounen net de Standarde vun der EU entspriechen a wien am Fong zoustänneg ass, fir déi Strukturen ze iwwerpréiwen. Ausserdeem gi mir op d’Fro an, wisou Journalist*innen an ONGen net an d’Strukture gelooss ginn.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Politique d’accueil : La vie dans les hébergements

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...