Am Bistro mat der woxx #219 – D’Repressioun géint Ëmweltaktivist*innen (net just) zu Bure

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Ëmweltaktivist*innen, déi sech zu Bure géint een Endlager fir Atomknascht engagéieren, stoungen de Méinden zu Nancy viru Geriicht. Am Podcast schwätzt de Richard Graf mam Fabien Grasser, deen op der Plaz war, iwwert d’Repressioun géint dës Aktivist*innen. Eng Tendenz, déi sech och an aneren europäesche Länner bemierkbar mécht, wéi ee Beispill aus Däitschland wéisst. Donieft ass dës Woch awer och d’Renaissance vum Nucleaire a Frankräich op eisem Menü.

Link zu den Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Énergie : Le nucléaire, « quoi qu’il en coûte ! mehr lesen / lire plus