Carte Blanche op RTL: Een Dag fir déi, déi d’Mënscherechter verteidegen

De Méindeg war den Dag vun den „défenseur-e-s des droits humains“. Dat sinn Fraën a Männer, déi sech fir hir Matbierger, hir Communautéit oder ënnerdréckten Minoritéiten asetzen an dobäi selwer oft zu enger Aart Zilscheif ginn.

Vill vun ons kennen den Dag vun de Mënscherechter, den all Joer den 10. Dezember gefeiert gëtt. Gëschter war et erëm souwäit. Da stelle mer eis Amnestys Käerz an d’Fenster, a weisen domadder, datt di fundamental Rechter op ville Plazen an der Welt nach laang kéng Realitéit sinn. Jo, et muss een esouguer feststellen, datt Zuel vun Plazen, wou di universell Erklärung vun de Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn, an der Läscht leider nees zouhëlt. mehr lesen / lire plus