Dëse Sonnden um 11 Auer ass och d’woxx nees am RTL-Presseclub mat dobäi. Nieft den Themen ënnendrënner schwätze mer och iwwer 30 Joer woxx!
D’Koalitiounsverhandlunge gi bis Mëtt November um Niveau vun den Aarbechtsgruppe weider – mee wat gëtt do geschwat a wéi wäert sech de Regierungsaccord agencéieren?
Wéi eng Politiker solle wéi ee Ministère iwwerhuelen an wéi positionéieren sech d'“Wahlgewënner“?
En aneren Sujet deen dës Woch dominéiert, ass d’Zukunft vun der Koalitioun an Däitschland verbonne mat där vun der Kanzlerin Merkel no de Wahlen an Hessen an d’Asylpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung …
Dorops komme mer dëse Sonndeg am RTL-Presseclub ze schwätzen … mat an der Ronn vun de Journalisten setzen:
d’Dani Schumacher vum WORT
d’Michèle Sinner aus dem LAND
de Luc Caregari vun der Woxx
an de Robert Schneider vum Tageblatt. mehr lesen / lire plus