E Sonndeg, 3. Mäerz: RTL-Presseclub mat der woxx

E Sonndeg am RTL-Presseclub gëtt iwwer d’Steieren, de Logement an den trauregen Joresdag vun engem Joer Krich an der Ukrain diskutéiert. Muss d’Politik nach virun de Walen d’Mëttelschicht  entlaaschten a wann jo, wéi? Wat hunn d’Logementsassisen bruecht? Firwat schalt d‘Politik net an de Krisemodus wéinst der Wunnengskrise? A wéi een Impakt hutt de Krich an der Ukrain op de Grand-Duché an op Europa?
Invitéeën vum Annick Goerens sinn: d’Annette Welsch vum Wort, de Laurent Schmit vu Reporter a fir d’woxx de de Richard Graf.

RDV fir den RTL- Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 27. November: RTL-Presseclub mat der woxx

U sech kann de Walkampf lo ufänken: am Politmonitor hunn d’Leit gesot, wou fir Si de Schung dréckt a wat hier aktuell Suergen sinn. Och d’Sympathie- an Kompetenz-Tauxen goufen tëscht 42 ofgefrote Politiker verdeelt, sou datt d’Parteien hir natierlech Leaderen kënnen an d’Course fir d’Superwaljoer schécken. Wat ass sech konkret thematesch vun de Parteien am Walkampf z’erwaarden an drifft d’Gesellschaft wierklech sou auserneen, wéi et dee rezente Sondage fäerte léisst?
D’Invitéeën vum Roy Grotz sinn: d’Annette Welsch aus dem Wort, de Pol Reuter vu reporter.lu an de Richard Graf vun der woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 2. Oktober 2022: RTL-Presseclub mat der woxx

D’Tripartite, d’Luxair an den Online-Virwahlkampf hunn d’Aktualitéit dëser Deeg bestëmmt – Matière fir eng Diskussioun iwwert d’Positioune vun de Parteien an d’Enjeuë fir 2023.
Doriwwer eraus sinn och d’Annexiounen an der Ukraine Thema am RTL-Presseclub um Sonndeg. Et diskutéieren: de Marc Schlammes vum Wort an de Raymond Klein aus der Woxx, Moderatioun Pierre Jans.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu.

Elo am RTL-Replay. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 3. Juli 2022: RTL-Presseclub mat der woxx

D’Sommeten vun der NATO, der EU an de G7 hunn d’Aktualitéit dëser Deeg bestëmmt – mee hunn se och Repercussiounen op de Verlaf vum Krich an der Ukrain oder d’Verhalen vum russesche Pouvoir?
Wat ass vum Lëtzebuerger Militär-Effort bis 2028 ze halen?
Aktuell national Sujeten sinn d’Experten-Recommandatiounen fir eng partiell Impfflicht, d’Legaliséieren vum rekreativen Cannabis, an d’héich Energiepräisser, déi en Ëmdenken an deem Domaine solle mat sech bréngen.
Alles Themen, déi mer am RTL-Presseclub um Sonndeg diskutéieren: den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt, de Marc Schlammes vum Wort an de Richard Graf aus der Woxx

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 20. März: RTL-Presseclub mat der woxx

D’Entwécklungen am Krich an der Ukrain an den Accueil vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg sinn den Haaptsujet e Sonndeg am RTL-Presseclub. Doriwwer eraus geet et em déi nei Covid-Reegelen an -Zuelen.

Invitéiert sinn d’Sarah Raparoli vum Lëtzebuerger Journal, den David Marques vum Quotidien an de Raymond Klein vun der woxx; Moderatioun: Pit Everling.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 20. Februar: RTL-Presseclub mat der woxx

D’Energie-Deierecht an den doraus resultéierenden Kafkraaftverloscht; den Overshoot-Day also den Dag op dem all eis natierlech Ressourcen opgebraucht sinn, den nieft dem Qatar just Lëtzebuerg schonn esou fréi am Joer iwwerschratt huet an d’Säbel-Rasselen op der ukrainescher Grenz. Dat sinn d’Sujeten dëse Sonndeg am RTL-Presseclub.

Invitéiert sinn d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort, de Peter Feist vum Lëtzebuerger Land an de Richard Graf vun der woxx .

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 7. November: RTL-Presseclub mat der woxx

Wäert d’Plagiatsaffär vum Xavier Bettel politesch Konsequenzen fir hien hunn oder wäert et der DP geléngen d’Affär bis d’Wahlen 2023 ze begruewen? Wéi schléit sech dee Kredibilitéitsverloscht op d’Covid-Krisegestioun néier? An op d’Debatt ëm d’Verfassungsreform ? Dat sinn d’Themen am Presseclub vun RTL de Sonndeg 7. November.

Invitéiert sinn d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort, de Christoph Bumb vu Reporter.lu an de Richard Graf vun der woxx .

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 26. September: RTL-Presseclub mat der woxx

D’LSAP an d’CSV positionéieren sech personell ewell fir d’Wahlen an zwee Joer, d’Virwahl-Campagne ass domat lancéiert.
Och d’Fuederungen vun de Jonken an der Klima-Manif, de Rapport Waringo a seng Suitten an den Alters- a Flegeheemer an natierlech d’spannend Wahlen fir den däitsche Bundestag, dës Themen dominéieren de Presseclub um Sonndeg.

Et diskutéieren mat: den Marc Schlammes vum Wort, den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt, an de Raymond Klein vun der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 20. Juni: RTL-Presseclub mat der woxx

De neitsten Politiker-Ranking am aktuellen Politmonitor, d’Sécherheet an der Stad, d’neit Pressehëllefgesetz an déi nei, méi souple Covid-Mesuren… Doriwwer schwätzen dëse Sonnden mam Roy Grotz:  d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort, d’Ines Kurschat aus dem Land, de Richard Graf vun der woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 11. Abrëll: RTL-Presseclub mat der woxx

Geléngt der CSV mat der annoncéierter Equipe de Renouveau?
Wat fir eng Suitte kann den Dossier Fränk Engel soss nach kréien?
Wéi konnt et zu de villen Doudesaffer an den Alters-a Fleegeheemer kommen?
Wéi ass d’Ouverture vun den Terrassen ze bewäerten?
Ass et richteg, datt zu Lëtzebuerg weider ouni Aschränkung mam AstraZeneca-Vaccin geimpft gëtt?

Dat sinn Themen vum RTL-Presseclub vun dësem Sonndeg, 11. Abrëll.
Invitée sinn d’Dani Schumacher vum Wort, den David Marques vum Quotidien an de Richard Graf  aus der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 21. Februar: RTL-Presseclub mat der woxx

D’Enquête #OpenLux ass hei am Land bei de Politiker a Reponsabelen vun der Finanzplaz op net vill Versteesdemech gestouss.
Wei bewäerten d’Journalisten den Ëmgang hei am Land mat dëse Recherchen?
Wat kann een dovun zeréckbehalen?
Wat ass generell den Ament zum Ëmgang vun der Regierung mat de Medien ze soen? Dat diskutéieren mer e Sonndeg am Presseclub mam:
Ines Kurschat vum Land, dem Luc Caregari vun der Woxx an dem Marc Schlammes vum Wort.

Weider Themen sinn d’Ëmsetzen vum Waringo Rapport an d’Reaktioun vum Monica Semedo.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 7. Februar: RTL-Presseclub mat der woxx

D‘Corona-Evolutioun generell an an de Schoulen, de Mord zu Bouneweg, an d’Demissioun vum Monica Semedo aus der DP. Doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Raymond Klein vun der woxx an d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort, Moderatioun: Pit Everling.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 10. Januar: RTL-Presseclub mat der woxx

Sinn d’Restriktiounen nach koherent?

Gi se vun de Leit nach matgedroen? Wat war mat der Commande vun de Covid-Vaccinë? Wat gouf richteg gemaach, wat ass schief gelaf? A wéi geet et weider? Dës Froe sinn Thema am Presseclub e Sonndeg . E weidere Sujet ass d’Situatioun an den USA.

An der Journalist*inne-Ronn diskutéieren: d’Dani Schumacher vum WORT, de Peter Feist vum Land, an de Raymond Klein vun der Woxx. Moderatioun: Annick Goerens.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 Auer live um Radio oder an Toun a Bild op RTL.
mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 13. Dezember: RTL-Presseclub mat der woxx

Ze vill, ze mann? Ze streng – net restriktiv genuch?

Iwwert d’Weiderféiere vun de Covid-Mesuren, déi fir vill Leit näischt bis ewell bruecht hunn, kann vill debattéiert a gestridde ginn. Wat sinn d’Mesurë wäert? Iwwerweit d’Ekonomie viru Mënscheliewen an ass d’Vertraue vun de Leit an d’Regierungs-Strategie nach ginn? Dës froe stelle mer eis e Sonndeg am Presseclub… aner Sujete sinn natierlech d’Resultater vun der Sonndesfro an d’Debatt ëm d’Sécherheet an der  Stad.

An der Journalisten-Ronn diskutéieren: d’Dani Schumacher vum WORT, de Christoph Bumb vum Online-Magazin Reporter, an de Luc Caregari vun der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 Auer live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 24. Oktober: RTL-Presseclub mat der woxx

Huet d’Regierung déi richteg Decisiounen zur richteger Zäit an dëser 2. Corona-Well geholl?
Am Presseclub vun e Sonndeg geet Rieds iwwer d’Mesuren déi d’Regierung bis ewell geholl – an net geholl huet, iwwer d’Konsequenzen vun der Pandemie op d’ëffentlecht Liewen a wéi eis Gesellschaft sech doduerch verännert. Debattéiert gëtt awer iwwer d’Krisen-Kommunikatioun vun der Regierung.
Invitéen sinn: d’Dany Schumacher vum Wort, de Robert Schneider vum Tageblatt an de Richard Graf vun der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 Auer live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 11. Oktober: RTL-Presseclub mat der woxx

D’politesch Erwaardungen un den Etat de la Nation respektiv de Budgetsprojet 2021, d’Lëtzebuerger Medielandschaft am Ëmbroch, d’Debatt ëm Steiergerechtegkeet virum Hannergrond vun der industrieller Nei-Orientéierung an d’Roll vun der Monarchie no de Restrukturatiounen um Haff.
Dëst sinn d’Sujeten um Sonndeg am RTL-Presseclub.
Invitéen sinn: de Marc Schlammes aus dem Wort, de Christoph Bumb vum Online-Magasin Reporter an de Richard Graf vun der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 Auer live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 7. Juni: RTL-Presseclub mat woxx a Covid-19 Gesetzer

Bis den 23. Juni muss et séier goen, fir d’Covid-19 Gesetzer fir d’Zäit nom Etat de Crise auszeschaffen. Perséinlech Fräiheete géint d’Wuel vun der Allgemengheet? Wéi gëtt tranchéiert? Wei steet et mat der Koherenz vun den Deconfinements-Mesuren? Donieft schwätze mer och iwwer de Rassismus an d’Policegewalt an den USA, nom brutalen Doud vum George Floyd. Invitéiert sinn: Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Land, Dani Schumacher vum Wort an de Luc Caregari vun der woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 Auer live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 15. Mäerz: RTL-Presseclub mat woxx a Corona

D’Corona-Epidemie an déi drastesch Mesuren, déi d’Regierung och hei am Land geholl huet, dominéieren natierlech och de Presseclub um Sonndeg. Mir schwätzen iwwert d’Decisiounen, déi geholl goufen, fir d’Verbreeden vum Virus ze verhënneren, iwwert d’Kommunikatioun ëm de Virus an natierlech d’Repercussiounen op d’ëffentlecht Liewen am Land. Invitéen sinn d’Dani Schumacher vum Wort, de Raymond Klein vun der Woxx, d’Ines Kurschat vum Land an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 16. Februar: RTL-Presseclub mat der woxx

Wat ass zum Waringo-Rapport zur Moderniséierung vum Haff ze soen? Wéi geet et an der Regierung virun no der Ëmbildung? Wou steet Lëtzebuerg mat senger Asylpolitik? A wat fir eng Schlëss sinn aus dem Zoumaache vu Spuerkeess-Agencen ze zéien? Doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Richard Graf vun der woxx, den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, de Robert Schneider vum Tageblatt an d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 2. Februar: Presseclub mat der woxx

De Rapport Waringo ass erstaunlech kloer ausgefall, a beschäftegt ab elo net méi nëmmen den Haff – mee och de breede Public an natierlech d’Press. Weider ugekënnegt Themen am Presseclub vun dësem Sonnde sinn: den Depart vum Etienne Schneider aus der Regierung an den Dout vum Eugene Berger. Am Studio setzen d’Dany Schumacher vum Wort, de Pol Schock vum Lëtzebuerger Land, de Claude Karger aus dem Journal an de Luc Caregari vun der woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus