Carte blanche op RTL: Et gëtt genuch Bauterrainen zu Lëtzebuerg, si sinn just an de falschen Hänn

A leschter Zäit schéngt et eng nei Dynamik an d’Diskussioun vun der Wunnraumproblematik ze ginn. Hoffentlech net just, well deemnächst nees Walen ustinn.

Joer fir Joer entstinn nei Aarbechtsplazen. Déi ginn zwar zu engem groussen Deel vun Frontalieren besat, awer och duerch Leit, déi nei op Lëtzebuerg wunne kommen. Wann donieft bei Villen de Portmonni zimlech grouss opsteet, ass et keen Paradox, datt de Präis pro Quadratmeter Wunnraum klëmmt – sief et bei Eegentum, wéi och an der Locatioun.
Dat heescht awer och, datt Leit mat manner Geld vu vir eran kéng Chancen hunn. Fir déi gëtt et jo Sozialwunnengen, gëtt eis gesot. mehr lesen / lire plus