A leschter Zäit schéngt et eng nei Dynamik an d’Diskussioun vun der Wunnraumproblematik ze ginn. Hoffentlech net just, well deemnächst nees Walen ustinn.
Joer fir Joer entstinn nei Aarbechtsplazen. Déi ginn zwar zu engem groussen Deel vun Frontalieren besat, awer och duerch Leit, déi nei op Lëtzebuerg wunne kommen. Wann donieft bei Villen de Portmonni zimlech grouss opsteet, ass et keen Paradox, datt de Präis pro Quadratmeter Wunnraum klëmmt – sief et bei Eegentum, wéi och an der Locatioun.
Dat heescht awer och, datt Leit mat manner Geld vu vir eran kéng Chancen hunn. Fir déi gëtt et jo Sozialwunnengen, gëtt eis gesot.
Allerdéngs ginn och bei den ëffentleche Bauträger d’Waardelëschten ëmmer méi laang. An ëmmer méi Leit mellen sech, déi weder d’Kritären fir eng Sozialwunneng erfëllen, nach mat de Präisser um freien Maart kënne mathalen. Dat huet natierlech domadder ze dinn, datt iwwer Joerzéngten ze wéineg am Beräich vum soziale Wunnengsbau geschitt ass.
Do wou aner Länner oder Stied 20 oder méi Prozent Sozialwunnengen hunn, läit den Undeel zu Lëtzebuerg bei manner wéi 3 Prozent. Dobäi ass um Pobeier de Problem net weider dramatesch: Laut de Statistiker stinn innerhalb vun de Bauperimeteren ongeféier 2.700 Hektar Bauland zur Verfügung. Ronn 1.000 Hektar dovunner wieren ouni Prozeduren direkt benotzbar.
Dat sinn impressionnant Zuelen, wann ee weess, datt tëschent 2004 an 2010 nëmmen 64,6 Hektar Bauland am Schnëtt pro Joer verbraucht gi sinn.
Allerdéngs: 75,6 Prozent vun deenen genannten Flächen sinn an den den Hänn vu privaten Leit, eng aner 16,2 gehéieren privaten Gesellschaften – just de klenge Rescht ass an ëffentlechem Besëtz.
Och wann haut de Bedarf nach méi héich ass wéi 2010, sou bleift dach festzestellen, datt eigentlech genuch Bauland zur Verfügung steet, fir der Nofro entgéintzekommen.
D’Praxis ass natierlech eng aner: Bauland gëtt kënstlech knapp gehalen. Well d’Präisser permanent an d’Luucht ginn, ass et interessant mam Verkaf ze waarden.
A wann een senge Nokommen wëllt e gudde Start an d’Liewen erméiglechen, ass e Bauterrain di besser Optioun, wéi zum Beispill e Spuerbuch dat kaum Zënsen bréngt.
Sou novollzéibar dat Verhalen fir di eenzel Terrainsbesëtzer och ass, vir grouss Deeler vun der Bevëlkerung ass se katastrophal: De Wunnraum gëtt haut gebraucht, net eréischt an zéng oder 20 Joer.
Ech schwätzen elo net vun de richtege Spekulanten, déi bewosst Wunnraum oder Terrainen opkafen an dann jorelaang zeréckhalen. Si stiechen enorm Plus-valuen an, wann anerer interessant Projeten entwéckelen, a si hiren Terrain dann extra deier kenne lassginn. Hei muss d’Politik Weeër a Méiglechkeeten fannen, fir esou engem asozialen Verhalen entgéint ze wierken. Mee och di kleng, scheinbar onschëlleg, Spekulatioun mécht an der Zomm vill Schued.
Hei misst et eng Aart Pool ginn, bei dem den Eenzelnen säin Terrain zu Verfügung stellt an eng korrekt – awer net spekulativ – Remuneratioun kritt. Den Dag wou hien en eegene Projet realiséiert, huet en dann Usproch aus dem Pool eraus en ähnlechen Terrain zeréck ze kréien.
Natierlech ass dat eng Utopie. Trotzdeem musse mer a Saachen Wunnraum nei Weeër goen. Et kann net sinn, dat laangfristeg een Deel vun der Bevëlkerung d’Halschent oder méi vu sengem Akommes muss fir d’Wunnen ausginn, just well d’Spillreegelen den Realitéiten net ugepasst ginn.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Carte Blanche op RTL: Eng zweet Chance fir den Denkmalschutz
- Carte Blanche op RTL: Ee Moratoire fir d’Ofrappen
- Carte Blanche op RTL: Eng Lanz fir Bouneweg
- Carte Blanche op RTL: Overshoot Day – eng Sëlwermedail, op déi mer gär géife verzichten
- Am Bistro mat der woxx #228 – Wat hunn d’Assises du logement bruecht?