Kriminalroman: Opraumen duerch Fiktioun


von | 09.02.2017

De Jean Schoos: En „Al-68er“ mat Punch. (Foto:woxx)

Dem Jean Schoos säi Kriminalroman: „Den drĂ«tte SchlĂ«ssel“ gĂ«tt um LĂ«tzebuerger Bichermaart chronesch Ă«nnerbewäert – e politeschen Thriller deen net zĂ©ckt och onbequem Wourechten unzepaken. D’woxx huet den Auteur begĂ©int.

De Jean Schoos schwätzt … vill. Ma hien ass awer kee vun deenen, dĂ©i probĂ©ieren hire GĂ©igeniwwer a Gebraddels z’ersaufen, et lauschtert een him Ă©ischter gär no. Och wann e mol vum Thema ofkĂ«nnt. Dofir fänkt eist GesprĂ©ich och net mam Buch un, mee mat sengem Numm. Säi Problem ass nämlech, datt en Homonym ass mam Generalsekretär vun der ADR. A mat där Partei huet „eise“ Jean Schoos nu wierklech näischt um Hutt: „Et ginn zwou Branchen vun Schoosen zu LĂ«tzebuerg, dĂ©i vu Bäerdref an dĂ©i aus dem Pafendall. DĂ©i eng waren a sinn Ă«mmer nach konservativ, während dĂ©i Pafendaller Ă«mmer revolutionär waren an nach sinn“, erkläert hien.

Well de Jean Schoos ass dat wat ee communĂ©ment en „Al-68er“ nennt. 1967 huet hien ugefaange zu Heidelberg Physik a Chimie ze studĂ©ieren bis en 1969 op Psychologie a Soziologie Ă«mgesuedelt huet. Trotz deene mouvementĂ©ierten Zäiten, dĂ©i hien deemools op der Uni erlieft huet, ass hien e Pragmatiker bliwwen: „Dee ganze revolutionäre Geescht war sĂ©ier nees verschwonnen. Schonn 1972 waren d’Studenten nees vill mĂ©i ugepasst wĂ©i virdrun“, erĂ«nnert hie sech. Sou ass hien, dee bis zu senger Pensioun am Jongenheem zu Bartreng d’Direktioun assurĂ©iert huet, och keen nostalgeschen „Al-68er“ mee Ă©ischter e verständnisvollen Zäitzeien, deen och seng eegen Generatioun duerchaus kritesch gesäit. Sou seet hien och datt seng Generatioun, dĂ©i elo un der Muecht ass oder war, bestĂ«mmt net alles gutt gemaach huet: „Et gĂ«tt eng grouss Frustratioun, Transparenz ass nach Ă«mmer eng onmĂ©iglech Saach, hei am Land wĂ©i och iwwerall soss an Europa. Et muss een hei am Land dach just de Logement kucken – kee weess wiem wat gehĂ©iert a wĂ©i een Tycoon wat als nächst plangt. Bei sou Zoustänn wonnert et mech net wa responsabilisĂ©iert Bierger sech Ă©ischter fir hir Gemeinschaft asetzen. An och net wa Jonker sech dem Hedonismus higinn oder Populisten unhänken“, mengt hien.

An eben do ass en: De Lien mam Buch „Den drĂ«tte SchlĂ«ssel“. D’Geschicht vun engem jonken Gendarmerie-Inspekter – de Fischbach – deen a sengem Ă©ischte Fall e Mord un engem „Käppercherssammeler“ (e Philatelist) opklären muss a sech dobäi an e Gewurrels verstrĂ©ckt, dat zerĂ©ck geet op Zäite vun der preisescher Occupatioun, der Resistenz an der Kollaboratioun. Dat ganzt gĂ«tt nach e Krack mĂ©i schwĂ©ier, wĂ©i de Fischbach feststellen muss, datt d’Grief tĂ«scht Gendarmerie a Police e gutt StĂ©ck mĂ©i dĂ©if sinn, wĂ©i hie gefaart hat – an datt ee verschidden Deeler vun der rezenter Geschicht besser sollt roue loossen.

„Poppen danze loossen“.

Dem Jean Schoos, sengen eegene Wierder no e grousse Konsument vu soziale Krimien, geet et drëms d’Geschicht vu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich nei z’erzielen. An dat mat de Mëttelen vun der Fiktioun, well déi ass „dat beschte Mëttel ze verhënneren, datt Saachen sollen doudgeschwiegen ginn“.

Sou verwonnert et och net, datt den Auteur sech a sengem Ă©ischte Roman och op d’Recherche vun där neier Generatioun vun nationalen Historiker bezitt fir seng Geschicht ze fondĂ©ieren: „Den Artuso-Rapport ass sĂ©cher mat dofir responsabel, datt mat de Legenden opgeraumt gĂ«tt“, seet hien, „Et muss einfach kloergestallt ginn, datt Resistenz a Kollaboratioun zwee Phänomener waren, dĂ©i gläichzäiteg stattfonnt hunn“. Als weider Referenzen nennt hien nach d’Aarbechten vum Denis Scuto, dem Lucien Blau – a senger „Histoire de l’extrĂŞme droite au Luxembourg“ – an de Serge Hoffmann.

Wat eraus komm ass, sollt een awer net als dem Jean Schoos seng Versioun vun der Wourecht verstoen: „Ech wollt dat Buch esou schreiwen, datt sech de Lieser herno nach muss seng eege Gedanke maachen. Et geet mer hei net drĂ«ms, dĂ©i eng oder aner Fraktioun an deem Muechtkampf deen hannert de Kulisse stattfonnt huet, schlecht ze maachen, mee Ă©ischter dorĂ«ms e System duerzestellen, deen d’Läit och verännert“. Well, sou wĂ©i et och um Cover steet, „Den drĂ«tte SchlĂ«ssel“ ass just dem Fischbach säin Ă©ischte Fall – net manner wĂ©i fĂ«nnef aner Bicher sinn nach geplangt. Momentan schreift de Jean Schoos u sengem drĂ«tte Band, deen zweete soll nach dĂ«st Joer erauskommen.

An do soll nach sou munches op d’Lieserschaft duerkommen. Zemools well de leschte Band am Joer 1983 ophale soll – kuerz ier et am Marieländchen nawell zimlech ongemittlech ginn ass. An um Wee dohinner wäerten och Iwwerraschungen dobäi sinn: „De Fischbach ass am Ă©ischte Band jo en zimleche Streber, mee wie weess wat de System nach alles aus him mĂ«cht?“, freet de Jean Schoos. „All System kann d’Leit bannendran futti maachen. An all System kann een nĂ«mme vu bausse futti maachen. An e System dee futti mĂ©cht geet Ă«mmer nĂ«mmen op e schwaacht Vollek, eng schwaach Ă‹ffentlechkeet oder schwaach Institutiounen, wĂ©i de Parquet, zerĂ©ck. Dat ass d’Geschicht, dĂ©i ech am Ganze well erzielen“.

Op de Jean Schoos keng Angscht huet sech ze verrennen, an duerno an enger Verschwörungstheorie festhänkt? – „Dat kann ech net aus-
schlĂ©issen“ seet hien. „Ech sinn awer Ă©ischter en Unhänger vun der Chaos-Theorie. An dĂ©i mĂ©i fundamental Fro dĂ©i ech stelle wĂ«ll ass: Wou steet den Individu, par rapport zur Fräiheet, der Demokratie an der Toleranz? Ech well opweisen, datt dĂ©i Relatiounen net nĂ«mme komplex, mee och kĂ«nne paradoxal sinn – an datt dat zur MĂ«nschlechkeet dozou gehĂ©iert“.

D’Iddie fir u sou enger Saga ze schreiwen koum dem Jean Schoos iwwregens schonn am Joer 2011, wéi en an d’Pensioun gaangen ass. Deemools huet hien einfach mol sou drop lass geschriwwen, fir d’éischt souguer nach op Däitsch, dunn eréischt a senger Mammesprooch. „Ech wollt einfach mol d’Poppen danze loossen a kucke wat geschitt“, seet hien dozou.

Den Danz schéngt zumindest fir den Auteur mol gelongen ze sinn, well zënterhier huet en net méi opgehalen un sengem Wierk ze schaffen an ze feilen. An dat ass eng zimlech Aarbecht: „Ech dokumentéiere mech zimlech vill an den Zeitungsarchiven aus där Zäit, fir se nees opkommen ze loossen. Sou liesen ech vill am „Lëtzebuerger Land“ aus deene Joren, mee och Zeitungen wéi déi vun der Arméi, déi et haut net méi gëtt“, beschreift hien säin Aarbechtsprozess.

Dobäi geet et him och drëms kee Lieser op der Streck ze loossen: „Ech maache keen Ënnerscheed tëscht Unterhaltungsliteratur an sougenannter eeschter Literatur. De Lieser soll duerchaus och mol schmunzelen kënnen. Well wéi sot de Pir Kremer „Wann d’Zäiten och näischt daachen, looss eis léiwer laachen“.

Sou kann ee sech dann op déi nächst Joren freeën, zumindest wat dem Fischbach seng Aventuren ugeet.

Dat kéint Iech och interesséieren

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Assises sectorielles du chant choral: Junge Chorsänger*innen gesucht

Die „Assises sectorielles du chant choral“ vom vergangenen Samstag offenbarten, wo den Chören hierzulande der Schuh drĂĽckt. Es mangelt an Sichtbarkeit, pädagogischem Know-how und vor allem an Nachwuchs.   Wie bei Rundtischgesprächen ĂĽblich, boten die „Assises sectorielles du chant choral“ vergangenen Samstag einen Morgen voller leiser...

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch: Luxemburgisch im Fokus

Die Luxemburger Sprache soll ab diesem Jahr jeden 26. September gefeiert und gefördert werden – und zwar mit Kulturevents, Aktivitäten und Diskussionsrunden. Das Programm der Erstauflage des „Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch“ wurde am Montag bei einer Pressekonferenz vorgestellt. „Sprache ist der Schlüssel zur Welt“, sagte bereits Wilhelm von...

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Staffelfinale „And Just Like That”: Vergessene Vorläufer

Allzu schwer fällt er nicht, der Abschied von der Serie „And Just Like That“ – sie hat den Charme des Anfangs eingebüßt. Interessanter ist ein Blick auf die Ursprünge: Mit Mary McCarthys Buch „The Group“ fing alles an. Und einfach so ist alles vorbei: Mit dem Staffelfinale des „Sex and the City“-Sequel „And Just Like That“ schließt das...