LETZEBUERGER MUSEK: rout + wäiss + blo = moof

E Gespréich mat der lëtzebuerger Band „moof“, wéinst hirer neier Scheiw „Ech sin einfach gutt“.

Komescherweis kréien ech déi éischt Fro gestallt. „Wëlls d’eng Béier?“, freet de Marc Reuter, zoustänneg fir alles wat sechs Säiten bei „moof“ huet, dat heescht d’Gitar an den Internetsite. Mir stin an der Hierschtsonn virum moofe Prouwsall, zu Esch an engem ale Gebei vun der Douane, direkt bei de Schinnen. Well all d’Kajoën eidel sin, gët an där éischter véirel Stonn fir d’éischt emol e Responsabelen fir de Ravitaillement iwwer Handy kontaktéiert. Eréischt wéi de Simchen (Pascal Simon, Batterie) e neien erbäibréngt, si mer alleguer Zen genuch fir eis an den Interview ze verdéiwen. Holy Mouly! (aktuelle Lieblingssproch vu „moof“. Ech wees zwar net wat en heescht, op alle Fall schéngt et ubruecht deen all fënnef bis zéng Minutten ze benotzen).

Zanter gläich zéng Joër zéihe „moof“ hier Saach duerch: Hardrock ouni Schischimischi mat Texter op Lëtzebuergesch. „Ech sin einfach gudd“ nennt sech de 5. Epos vun der beschter Lëtzebuerger Rockband op der Welt. Am Ufank hu se, wéi jiddereen, och nach op Englesch gesongen. „Mäin Englescht war awer net sou gudd, an dat Lëtzebuergescht huet de Leit besser gefall“, mengt de Lex (Alex Heyar), Préposé vun der Poesie, dem Gebrëlls an de Groupies. Déi eenzeg Friemsprooch déi se haut nach benotzen as d’Iéinescht („Dibbek Nobes“). Et si sëcher déi lëtzebuerger Sprooch an déi ongehuwwelt Texter, déi den Erfolleg vu „moof“ ausmaachen. Meeschtens brutal an aggressiv, heiansdo primitiv, oft kraaftvoll a poetesch, eent sin hier Texter ëmmer: éierlech.

Hey, mär maachen och Musek, an där?

Den Job vum Doudegriewer huet dem Lex effektiv därmoossen op d’Liewer geschlon, datt en haut dës nobel Beschäftegung opgin huet an op der Gemeng schafft. „T’as en haarde Beruff. Schléit op d’Liewer an op d’Longen. An de Biceps an den Triceps. An den Alkohol klëmmt. Bei all Läich muss de ee saufen. Mäi léiwe Jong!“ Mee nëmme vu Musek a Loft liewen geet leider och nët. Niewebäi as deen een nach Flic, deen aneren Usträicher, een as Informatiker an een aarbechtslos.

Den Dram fir am Ausland grouss erauszekommen huet haut méi enger realistescher Approche Plaz gemaach. „Soulaang mir hei eis Musek kënne maachen, an de Leit Freed dermat maache, geet dat eis duer. Méi wäit kënns de souwisou nët. Ech weess nët wat déi Jonk sech erwaarden, ech géif hinnen ët gënnen, mee ‚t as awer nëmmen en Dram.“ Rieds geet vu jonke lëtzebuerger Formatioune wéi Fluyd oder Low Density Corporation, déi sëch ëmmer méi ëm eng Karrière am Ausland beméien. D’Szen huet geännert, sou de Lex: „Fréier huet jiddereen einfach gekämpft, haut komme se mat Erwaardungen ier se iwwerhaapt kämpfen. Dat Ganzt war och ëmmer méi heemelech. Haut kanns de dech bei RTL mat 10 Gruppen treffen, do seet nëmmen ee moien. Du mengs du misst se mam Kolli huëlen a rëselen ‚Hey, mir maachen och Musek, an där?'“

De Jang, dat as scho bal eppes wéi e Kolleg

No bal zwee Joër Paus komme „moof“ elo mat méi engem Crossover-Hardrock erëm, influenzéiert vu Gruppe wéi „Roserei géint d’Maschinn“. Op „Ech sin einfach gutt“ klénge „moof“ méi professionnell wéi virdrun. E klenge Saz iwwerrascht och direkt wann een d’Notizen um Cover liest: „Opnamen am Linster Studio zu Fréiseng“. Wéi kënnt ët, datt eng vun den onkommerziellste lëtzebuerger Formatiounen hieren Disk am Héichtempel vun der kommerzieller Pop-Produktioun ophëllt? ‚T as d’Schold vun de Fëscher a Jeër. Fir d’Kompil „Planet Lëtzebuerg“ haten d’Jongen dësen Titel beim Jang opgeholl, an et huet hinne gudd bei him gefall. „De Jang, dat as scho bal eppes wéi e Kolleg. Mir waren e puer mol mat him een drénken an e war déi ganzen Zäit bei den Opnamen derbäi. Dat war nët einfach fir e Geschäft ze maachen.“

Een dee vill zum neie Sound bäigedroen huet as den Tounmann Mike Butcher. „Deen huet schon déi Zäit mam Ozzy Osbourne opgeholl, mat Black Sabbath, dee ka wiirklech eppes. Wéi et färdeg war, do war eis d’CD awer nach nët haart genuch, nët rau genuch, do hu mer nach wéi laang mam Ab van Goor dru geknëchelt, bis mer effektiv dee Sound haten dee mer wollten“.

D’Resultat as iwwerzeegend, och wann deen een oder anere Purist den ongeschlaffene Sound aus den Ufanksjore vermësse wäert. Nieft de neie Lidder fënnt een och nach e puer Bonbonen wéi „Doudegriewer“ oder „Fir wat“ unplugged, en herrlecht Lidd iwwer den Doud, wat sech als Liebeslidd verkleedt huet, live an enger Radiossendung um Honnert,7 opgeholl.

Mir sin all moof, versteeste?

10 Joër as eng laang Zäit fir eng Band. Déi meeschte Lëtzebuerger halen et nët sou laang aus mateneen. Marc: „Wat mengs de wat mir scho matenee matgemaach hun?“ Lex: „Mat där jo!“ Marc: „Bei eis as et och méi einfach, weeste. De Romain (Reuter, Tasten) as mäi Brudder, an dann dem Romain seng Fra as dem Simchen senger Frëndin seng Schwëster. Weeste, ‚t bleiwt alles e bëssen an der Famill.“ Lex: „Wann elo de Carlo (Remiche, Bass) géng ophalen, oder soss een, dann hätt ech keng Loscht méi. Mir sin all moof, versteeste?“

Ech versti virun allem datt mir gläich all méi blo wéi moof sin, wann de Béier weider an deem Rythmus an dem Prouwsall befördert gët. Eigentlech wollten d’Jongen haut och nach prouwen, oder op manst emol opriichten.

Um Heemwee realiséieren ech wat aus „moof“ sou eng zympatesch Band mécht. Si sin echt. Si si nët falsch, nët „fake“. Si si wiirklech sou wéi hier Musek an hier Musek as wierklech sou wéi si.

D’woxx verschenkt un déi éischt fënnef Leit, déi uruffen jeweils eng CD vu „moof“.

Tël.: 29 79 99 0

Nächst „moof“ Concerten:

Samschdes, den 13. Oktober, mat anere Lëtzebuerger Gruppen am Atelier an der Stad (Lëtzebuerger Spezialitéiten …)

Freides, den 19. Oktober, zu Këntzeg (Clemency) am Café Sioux (Haaptstrooss)

Freides, den 23. November, zu Diddeleng am Café Intro (Zentrum bei der Kierch).“Mär sange Lidder aus verruffenem Mond


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressif sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.