LETZEBUERGER MUSEK: rout + wäiss + blo = moof

von | 05.10.2001

E GesprĂ©ich mat der lĂ«tzebuerger Band „moof“, wĂ©inst hirer neier Scheiw „Ech sin einfach gutt“.

Komescherweis krĂ©ien ech dĂ©i Ă©ischt Fro gestallt. „WĂ«lls d’eng BĂ©ier?“, freet de Marc Reuter, zoustänneg fir alles wat sechs Säiten bei „moof“ huet, dat heescht d’Gitar an den Internetsite. Mir stin an der Hierschtsonn virum moofe Prouwsall, zu Esch an engem ale Gebei vun der Douane, direkt bei de Schinnen. Well all d’KajoĂ«n eidel sin, gĂ«t an där Ă©ischter vĂ©irel Stonn fir d’Ă©ischt emol e Responsabelen fir de Ravitaillement iwwer Handy kontaktĂ©iert. ErĂ©ischt wĂ©i de Simchen (Pascal Simon, Batterie) e neien erbäibrĂ©ngt, si mer alleguer Zen genuch fir eis an den Interview ze verdĂ©iwen. Holy Mouly! (aktuelle Lieblingssproch vu „moof“. Ech wees zwar net wat en heescht, op alle Fall schĂ©ngt et ubruecht deen all fĂ«nnef bis zĂ©ng Minutten ze benotzen).

Zanter gläich zĂ©ng JoĂ«r zĂ©ihe „moof“ hier Saach duerch: Hardrock ouni Schischimischi mat Texter op LĂ«tzebuergesch. „Ech sin einfach gudd“ nennt sech de 5. Epos vun der beschter LĂ«tzebuerger Rockband op der Welt. Am Ufank hu se, wĂ©i jiddereen, och nach op Englesch gesongen. „Mäin Englescht war awer net sou gudd, an dat LĂ«tzebuergescht huet de Leit besser gefall“, mengt de Lex (Alex Heyar), PrĂ©posĂ© vun der Poesie, dem GebrĂ«lls an de Groupies. DĂ©i eenzeg Friemsprooch dĂ©i se haut nach benotzen as d’IĂ©inescht („Dibbek Nobes“). Et si sĂ«cher dĂ©i lĂ«tzebuerger Sprooch an dĂ©i ongehuwwelt Texter, dĂ©i den Erfolleg vu „moof“ ausmaachen. Meeschtens brutal an aggressiv, heiansdo primitiv, oft kraaftvoll a poetesch, eent sin hier Texter Ă«mmer: Ă©ierlech.

Hey, mär maachen och Musek, an där?

Den Job vum Doudegriewer huet dem Lex effektiv därmoossen op d’Liewer geschlon, datt en haut dĂ«s nobel Beschäftegung opgin huet an op der Gemeng schafft. „T’as en haarde Beruff. SchlĂ©it op d’Liewer an op d’Longen. An de Biceps an den Triceps. An den Alkohol klĂ«mmt. Bei all Läich muss de ee saufen. Mäi lĂ©iwe Jong!“ Mee nĂ«mme vu Musek a Loft liewen geet leider och nĂ«t. Niewebäi as deen een nach Flic, deen aneren Usträicher, een as Informatiker an een aarbechtslos.

Den Dram fir am Ausland grouss erauszekommen huet haut mĂ©i enger realistescher Approche Plaz gemaach. „Soulaang mir hei eis Musek kĂ«nne maachen, an de Leit Freed dermat maache, geet dat eis duer. MĂ©i wäit kĂ«nns de souwisou nĂ«t. Ech weess nĂ«t wat dĂ©i Jonk sech erwaarden, ech gĂ©if hinnen Ă«t gĂ«nnen, mee ‚t as awer nĂ«mmen en Dram.“ Rieds geet vu jonke lĂ«tzebuerger Formatioune wĂ©i Fluyd oder Low Density Corporation, dĂ©i sĂ«ch Ă«mmer mĂ©i Ă«m eng Karrière am Ausland bemĂ©ien. D’Szen huet geännert, sou de Lex: „FrĂ©ier huet jiddereen einfach gekämpft, haut komme se mat Erwaardungen ier se iwwerhaapt kämpfen. Dat Ganzt war och Ă«mmer mĂ©i heemelech. Haut kanns de dech bei RTL mat 10 Gruppen treffen, do seet nĂ«mmen ee moien. Du mengs du misst se mam Kolli huĂ«len a rĂ«selen ‚Hey, mir maachen och Musek, an där?'“

De Jang, dat as scho bal eppes wéi e Kolleg

No bal zwee JoĂ«r Paus komme „moof“ elo mat mĂ©i engem Crossover-Hardrock erĂ«m, influenzĂ©iert vu Gruppe wĂ©i „Roserei gĂ©int d’Maschinn“. Op „Ech sin einfach gutt“ klĂ©nge „moof“ mĂ©i professionnell wĂ©i virdrun. E klenge Saz iwwerrascht och direkt wann een d’Notizen um Cover liest: „Opnamen am Linster Studio zu FrĂ©iseng“. WĂ©i kĂ«nnt Ă«t, datt eng vun den onkommerziellste lĂ«tzebuerger Formatiounen hieren Disk am HĂ©ichtempel vun der kommerzieller Pop-Produktioun ophĂ«llt? ‚T as d’Schold vun de FĂ«scher a JeĂ«r. Fir d’Kompil „Planet LĂ«tzebuerg“ haten d’Jongen dĂ«sen Titel beim Jang opgeholl, an et huet hinne gudd bei him gefall. „De Jang, dat as scho bal eppes wĂ©i e Kolleg. Mir waren e puer mol mat him een drĂ©nken an e war dĂ©i ganzen Zäit bei den Opnamen derbäi. Dat war nĂ«t einfach fir e Geschäft ze maachen.“

Een dee vill zum neie Sound bäigedroen huet as den Tounmann Mike Butcher. „Deen huet schon dĂ©i Zäit mam Ozzy Osbourne opgeholl, mat Black Sabbath, dee ka wiirklech eppes. WĂ©i et färdeg war, do war eis d’CD awer nach nĂ«t haart genuch, nĂ«t rau genuch, do hu mer nach wĂ©i laang mam Ab van Goor dru geknĂ«chelt, bis mer effektiv dee Sound haten dee mer wollten“.

D’Resultat as iwwerzeegend, och wann deen een oder anere Purist den ongeschlaffene Sound aus den Ufanksjore vermĂ«sse wäert. Nieft de neie Lidder fĂ«nnt een och nach e puer Bonbonen wĂ©i „Doudegriewer“ oder „Fir wat“ unplugged, en herrlecht Lidd iwwer den Doud, wat sech als Liebeslidd verkleedt huet, live an enger Radiossendung um Honnert,7 opgeholl.

Mir sin all moof, versteeste?

10 JoĂ«r as eng laang Zäit fir eng Band. DĂ©i meeschte LĂ«tzebuerger halen et nĂ«t sou laang aus mateneen. Marc: „Wat mengs de wat mir scho matenee matgemaach hun?“ Lex: „Mat där jo!“ Marc: „Bei eis as et och mĂ©i einfach, weeste. De Romain (Reuter, Tasten) as mäi Brudder, an dann dem Romain seng Fra as dem Simchen senger FrĂ«ndin seng SchwĂ«ster. Weeste, ‚t bleiwt alles e bĂ«ssen an der Famill.“ Lex: „Wann elo de Carlo (Remiche, Bass) gĂ©ng ophalen, oder soss een, dann hätt ech keng Loscht mĂ©i. Mir sin all moof, versteeste?“

Ech versti virun allem datt mir gläich all mĂ©i blo wĂ©i moof sin, wann de BĂ©ier weider an deem Rythmus an dem Prouwsall befördert gĂ«t. Eigentlech wollten d’Jongen haut och nach prouwen, oder op manst emol opriichten.

Um Heemwee realisĂ©ieren ech wat aus „moof“ sou eng zympatesch Band mĂ©cht. Si sin echt. Si si nĂ«t falsch, nĂ«t „fake“. Si si wiirklech sou wĂ©i hier Musek an hier Musek as wierklech sou wĂ©i si.

D’woxx verschenkt un dĂ©i Ă©ischt fĂ«nnef Leit, dĂ©i uruffen jeweils eng CD vu „moof“.

Tël.: 29 79 99 0

Nächst „moof“ Concerten:

Samschdes, den 13. Oktober, mat anere LĂ«tzebuerger Gruppen am Atelier an der Stad (LĂ«tzebuerger SpezialitĂ©iten …)

Freides, den 19. Oktober, zu Këntzeg (Clemency) am Café Sioux (Haaptstrooss)

Freides, den 23. November, zu Diddeleng am CafĂ© Intro (Zentrum bei der Kierch).“Mär sange Lidder aus verruffenem Mond

Dat kéint Iech och interesséieren

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Assises sectorielles du chant choral: Junge Chorsänger*innen gesucht

Die „Assises sectorielles du chant choral“ vom vergangenen Samstag offenbarten, wo den Chören hierzulande der Schuh drĂĽckt. Es mangelt an Sichtbarkeit, pädagogischem Know-how und vor allem an Nachwuchs.   Wie bei Rundtischgesprächen ĂĽblich, boten die „Assises sectorielles du chant choral“ vergangenen Samstag einen Morgen voller leiser...

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch: Luxemburgisch im Fokus

Die Luxemburger Sprache soll ab diesem Jahr jeden 26. September gefeiert und gefördert werden – und zwar mit Kulturevents, Aktivitäten und Diskussionsrunden. Das Programm der Erstauflage des „Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch“ wurde am Montag bei einer Pressekonferenz vorgestellt. „Sprache ist der Schlüssel zur Welt“, sagte bereits Wilhelm von...

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Staffelfinale „And Just Like That”: Vergessene Vorläufer

Allzu schwer fällt er nicht, der Abschied von der Serie „And Just Like That“ – sie hat den Charme des Anfangs eingebüßt. Interessanter ist ein Blick auf die Ursprünge: Mit Mary McCarthys Buch „The Group“ fing alles an. Und einfach so ist alles vorbei: Mit dem Staffelfinale des „Sex and the City“-Sequel „And Just Like That“ schließt das...