Am Bistro mat der woxx #316 – Gëtt et Dateschutz am Prisong?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Eng däitsch Aktivistin huet opgedeckt, datt de Programm „Basis“, dee fir d'Verwaltung vun de Donnée vu Prisonéier benotzt gëtt, net konform mat der Dateschutz-Reglementatioun ass. An wéi si méi Informatioune wollt...




